Covid19-Impfung fir eis Butzen: „Ofwaarden“

Bezitt ee sech op déi säitens de Gesondheetsministère verfügbar Informatiounen, goufe bei eis am Land bis ewell 124 Kanner am Alter tëscht 0 a 14 Joer op der „Normalstatioun“ an fënnef Kanner op der Intensivstatioun wéinst der Covid19-Infektioun behandelt.

An den USA an Israel gëtt de Pfizer/Biontech-Vaccin jo schonn de Kanner aus dëser Altersklass verofreecht, an déi Europäesch Medikamentenagence (EMA) préift zur Stonn, déi vum Hiersteller virgeluechten Etüden. Ob Lëtzebuerg sech elo och fir eng Impfung vun de Butzen entscheet, wëllen déi zoustänneg Autoritéiten entscheeden, wann d‘Stellungnam vun der EMA virläit.

Et muss e jo ofklären, wéi de Pfizer/Biontech am beschte bei de Kanner ënner 14 Joer agesat soll ginn. Déi Lëtzebuerger Experte wëllen sech doriwwer eraus och den Erkenntnisser aus den USA, wou d‘Impfung vun den ënner 14 Joer, schonn am November ugelaf ass, unhuelen. Zousätzlech gëtt op eng Äntwert aus der „Notze-Risiko“ Berechnung gewaart. Et wäert also zäitno decidéiert ginn.

Datt een elo hei zu Lëtzebuerg net presséiert ass och déi 5 bis 11 järeg géint de Covid19 ze impfen, huet primär domadder ze dinn, datt bei eis am Land (nach) keng dramatesch Zounam vun den Infektiounsfäll an dëser Altersklass huet. Et bleift een zudeem bei der Ausso, datt Kanner ee manner grousse Risk fir ee schwéiere Krankheetsverlaf Opweises hunn. Et ass also eng Fro vun der Zäit…

Dernières nouvelles