De Grénge Mann klappt un

D’Fréijoer klappt un der Dier. Dobausse gëtt d’Wieder besser an d’Natur rifft. Ma dofir proposéiert de Grénge Mann, de Wiechter vun der Natur, Theaterbesich a senge Raimlechkeeten, dem Park Klosegrënnchen an am Bësch « Dräi Eechelen ».

Dobäi kéint nawell allerlee Léierräiches erlieft ginn. D’Natur, déi entdeckt gëtt an dem Grénge Mann seng Geschichten.

Hien verréit d’Geheimnis vun der Biodiversitéit an dat natierlecht Gläichgewiicht. Dës weideren erzielt hie Legenden a Mythen a gëtt een Abléck an d’Existenz, seng Upassung an hire Bléckwénkel.

No dësem Besuch, gesitt Dir de Bësch mat aneren, oppenen Aen. Lieweg a verspillt. Et ass eng eege Welt.

Wéini däerf een de Grénge Mann da besichen?

Klosegrënnchen

• Samschdes, den 19. Mä 2022 um 15 Auer (op lëtzebuergesch
• Samschdes, den 2. Abrëll 2022 um 15 Auer (op franséisch)
• Samschdes, den 18. Juni 2022 um 15 Auer (op englesch)
• Sonndes, den 10. Juli 2022 um 11 Auer (op lëtzebuergesch)

Wou geet et lass? Virum Busarrêt Pierre Werner, 10 Minutte virdrun

• Samschdes, 7. Mee 2022 um 15 Auer (op lëtzebuergesch)
• Samschdes, den 11. Juni 2022 um 15 Auer (op franséisch)
• Samschdes, den 9. Juli 2022 um 15 Auer (op englesch)
• Sonndes, de 25. September um 11 Auer (op lëtzebuergesch)

Um Tramarrêt Rout Bréck-Pafendall geet et (10 Minutte virdru) lass.

D’Umeldung ass obligatoresch(info@fondskirchberg.lu), d’Participatioun kascht näischt.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles