Stuerm iwwert dem Empire

An der Nuecht op ee Samschdeg hu chaotesch Wiederverhältnisser zum Chaos gefouert: op enger Autobunn am engleschen Nordwesten hunn honnerte Camione stonnelaang am Schnéi festgestach, am Norde waren dausende Menage vum Stroum ofgeschnidden an mindestens zwee Mënschen si vun ëmgefalle Beem erschloe ginn.

De Stroumprovider „Northern Powergrid“ huet bestätegt, datt an de Regiounen Northumberland a County Durham 108.000 Clienten ouni Stroum waren. A Schottland huet et net besser ausgesinn, hei waren eng Rei Zuchverbindungen ënnerbrach. Den Déngschtleeschter ScotRail huet d‘Leit opgeruff, hir Reese méiglechst nei ze plangen. Bis et hei nees viru geet, kann et en Ament daueren.

Och vun de Rettungsdéngschter huet eng „Chaos-Iwwersiicht“ ginn. De Gros vun den Asätz huet sech op beschiedegt Diecher an ëmgefalle Beem konzentréiert. Si hunn dann och déi zwee Affer bestätegt. Laut dem Wiederdéngscht „Met Office“ huet de Stuerm Arwen plazeweis Vitesse vu bis zu 160 Kilometer an der Stonn erreecht. Déi héchst Warnstuf ass an der tëscht opgehuewe ginn.

mat indymedia/lon

Dernières nouvelles