D’Kontrolle vun Ëmweltverwaltung 2020-2021

Fir divers Risike fir d’Gesondheet an d’Ëmwelt ze reduzéieren gi reegelméisseg Kontrolle vun der Ëmweltverwaltung zu verschidden Produiten a chemesche Substanzen duerchgefouert. Hei ginn et national an europäesch Reegelungen, un déi et sech ze hale gëllt.

Esou sinn 2020 am ganzen 481 Artikele kontrolléiert ginn. Heirënner ware 401 Desinfektiounsmëttel, wouvun der 259 net konform waren. Si hunn ënnert anerem illegal Substanzen enthalen, ware falsch etikettéiert oder och net-autoriséiert Biozidproduiten enthalen.

Ma, um Internet si 59 Shops méi genee ënnert d’Lupp geholl ginn. Dobäi gouf kontrolléiert, ob d’Reklamme konform wieren an och d’Etikettéierung op geféierlech Substanzen hiweist. Am Ganze si 17 geféierlech Melange verkaaft ginn, déi esou eigentlech net fir d’Ëffentlechkeet sollten zougänglech sinn. Zousätzlech hunn 42 Verkafspunkten generell net de Reegelen entsprach, kruten awer d’Méiglechkeet déi verschidde Punkten unzepassen.

Bei engem Suivi vun de Kontrolleuren waren nach ëmmer 12 Onlineshops net konform – bei 10 Butteker huet et eng Geldstrof gebraucht, fir datt ze handelen, wärend 2 aner Plattformen keng Korrektiounen duerchgefouert hunn a sech elo mam Parquet ofginn dierfen.

Ma, net nëmmen d’Butteker u sech, mee och hir verkaaften Artikele goufe méi genee gekuckt. Dobäi si virun allem Thermopabeier, Sportartikelen a Produite fir de Bëbee op hir chemesch Zesummesetzung getest ginn. A 4 Fäll war d’Konzentratioun vun enger spezifescher Substanz ze héich.

Rechent een all Kontrollen vun der Ëmweltverwaltung zesummen, esou koume 25 Geldstrofen a Gesamthéicht vun 61.000 € zustanen. An 8 Fäll ass de Parquet vum jeeweilege Bezierk zoustänneg.

Annexe:

Dernières nouvelles