3G Reegelung an den Entreprisen: Krankeschäin als Fräifaartschäin?

Ëmmer méi Entreprisë froe bei der Federation des Artisans ëm Rot, well Mataarbechter hirem Patron elo schonn ukënnegen, datt si sech mat der obligatorescher Testflicht, déi de 15. Januar ufänkt, mat engem Krankeschäin duerch d’Bascht maachen.

Eng Informatiounsversammlung vun der Federatioun zur 3G Reegelung, déi leschte Freideg stattfonnt huet, hat grousse Succès. Méi ewéi 300 Entreprisen hunn deelgeholl.

Wann d‘Patronen ouni Weideres ee Krankeschäi vu sechs Wochen ausgestallt kréien, fir der Testflicht ze entgoen, gëtt d’Strategie vun der Regierung, iwwert dëse Wee d’Impfquot ze erhéijen, a Fro gestallt.

Am Schlëmmsten kommen d’Entreprisen ewech, déi mat uergen Organisatiounsproblemer rechne mussen – an och d’Mataarbechter, déi dësen Ausfall kompenséiere mussen, esou wéi d’Allgemengheet, déi zesumme mat den Entreprisen iwwert d’Sozialversécherung fir dës Käschten opkomme mussen.

Fir datt 3G Reegelung een Erfolleg gëtt, muss d’Regierung konsequent Moossnamen ergräifen, fir virun dësem Mëssbrauch ze warnen an en ze verhënneren an duerch eventuell Kontrollen ze sanktionéieren.

Et ass selbstverständlech an onbedéngt noutwenneg, datt all Aarbechter, deen wärend der Dauer vun dësem 3G Regime een gesondheetleche Problem huet, ee Krankeschäi kritt. Genausou selbstverständlech misst et sinn, datt d’Regierung an d’CNS all Moossnamen ergräifen, fir Mëssbrauch ze verhënneren an ze bestrofen.

D’Aféierung vum 3G bedeit fir de Patron vill Aarbecht, Organisatioun, Aschränkungen an Käschten. Déi meeschten Entreprisë sinn awer bereet, dësen Bäitrag am Interessi vun der Pandemiebekämpfung ze leeschten an esou ee weidere Lockdown ze verhënneren. Mee och d’Regierung muss dru schaffen an oppassen, datt hier Strategie opgeet.

*matgedeelt vun der Federation des Artisans

Dernières nouvelles