Entrevue tëscht dem Ëmweltministère an der Firma Soil-Concept SA

Vertrieder vum Ëmweltministère hu sech mat Vertrieder vun der Firma Soil-Concept SA getraff, fir iwwert d‘Situatioun vum Exploitant um Fridhaff ze schwätzen. Hannergrond vum Meeting ass e Courrier vun der Ëmweltministesch an deem den Exploitant opgefuerdert gi war, sech bis spéitstens den 31.5.2022 u seng Geneemegungsoplagen ze halen.

De Meeting sollt dem Exploitant d’Geleeënheet ginn, iwwert d’Avancement am Dossier an eventuell Schwieregkeeten dobäi ze schwätzen. Den Exploitant huet bei där Geleeënheet den Ëmweltministère informéiert, dass hie mam Hierstelle vu Klärschlammkompost wäert ophalen an eng Neiorientéierung vu sengen Aktivitéiten um Site plangt.

An deem ganz konstruktive Gespréich goufen zesumme Méiglechkeete beschwat, wéi den Exploitant an der Iwwergangsphase − vum Auslafen vun der Hierstellung vum Klärschlammkompost bis zur Mise en place an Exploitatioun vun deenen aneren Aktivitéiten − säi Betrib kéint am Aklang mam gesetzleche Kader bedreiwen.

Méi Informatione fannt Dir hei.

Dernières nouvelles