Temporär Erëffnung vun engem fënneften Impfzenter

Duerch déi zäitlech Verkierzung tëscht der éischter an der Booster-Impfung – an och well d’Stoffer méi séier geliwwert musse ginn, huet d’Regierung beschloss, ab dem 10. Januar 2022 ee weideren Impfzenter an der Luxexpo The Box opzemaachen.

Esou ass ausräichend Plaz fir d’Lagerung. Dësen Zenter ass bis de 15. Januar 2022 zougänglech. Dobäi gëtt deen neien Impfzenter nëmmen dofir genotzt, D’Opfrëschungsimpfung ze sprëtzen. Dëst ass mat engem Rendezvous méiglech – deen kann hei gemaach ginn.

Dernières nouvelles