De lëtzebuergeschen Auteur Guy Helminger ass mam renomméierten, däitsche Lyrikpräis Meran ausgezeechent ginn. Dësen ass mat 8.000 Euro dotéiert a gëtt all zwee Joer verginn.
De Jury huet kloer Wierder an hirer Laudatio fonnt, ënnert anerem:
„Et soll een sech d’Gedicht als eng Welt virstellen, an där alles am vru lauter Erwaardungen am Schiet läit. Dës erfëllen sech sech zwar, awer ni esou, wéi et d’Lieser*inne mengen.“
Weider Informatioune fannt dir hei. Wien méi iwwert den Auteur gewuer wëll ginn, ka seng Säit am lëtzebuergeschen Autorenlexikon besichen.