Erklärung vum Minister Asselborn zum Interview vum 2. Mäerz um Radio

Viru mengem Gespréich de Mueren op 100,7 hat ech just d’Aussoe vum Buergermeeschter vu Kharkiv héieren, dee gesot huet, dass dem Putin seng Truppen d’Stad a Ruine verwandelen, souguer e Spidol zerbommt gouf, an an de Stroosseschluechte vill, vill zivil Leit hiert Liewe verluer hunn, a weider riskéieren ze verléieren. 

Mäi Gedankegang op d’Fro, ob et eng “Léisung” gëtt, war, dass de Krich an der Ukrain nëmmen opgehale ka gi, wann dem Putin seng Aktioune gestoppt ginn. 

Eng aner geséich ech net. Déi zwee Weider “physesch eliminéiert” si mer erausgerutscht. Ech weess, dass een Ausseminister déi net ze benotzen huet. 

Och no 18 Joer op deem Posten als Ausseminister hunn ech et nach net fäerdeg bruecht, meng Emotiounen a mäin Ongerechtegkeetsgefill virun all deem mënschleche Leed, dat onschëlleg Leit erdroe mussen, ze ënnerdrécken. 

Dat ass e Feeler, mä och eng Ventil fir dat Ganz eenegermoossen ze packen. Ech stelle mech der Kritik, si ass berechtegt, mä ouni dobäi de Kapp an de Sand ze stiechen. 

Dernières nouvelles