Esch 2022: Een touristesche Guide

Esch 2022 steet a Startopstellung a fir nach eppes Promotioun ze maachen, huet d‘Organisatioun an Zesummenaarbecht mam Tourismusministère, ee touristesche Guide „Guide Zoom Minett . Une incursion dans le sud du Luxembourg et la France voisine“ editéiert.

Mat iwwer 60 touristeschen Destinatiounen, sollt sech fir jiddereen, den eist Land besichen an/oder als Resident „Neies“ entdecke wëll, eppes ubidden. D‘Rees féiert duerch 11 Gemenge vum Pro-Süd Syndikat, an den aacht Gemenge vun der „communauté de communes Pays-Haut Val d’Alzette“ (CCPHVA). Hei kritt de Lecteur dann awer eng nei Visioun vun der Regioun opgezeechent. 168 Säite voller Informatioune sollen esou zum Quell vun der Inspiratioun an dem Virwëtz ginn…

Am Guide huet dann och eng helle wull u QR-Coden, déi een direkt op de richtege Site betreffend déi touristesch Attraktioun weiderleet. Et si Kaarten enthalen, an och Informatiounen zum „Minett-Trail“ (dat wier fir d‘Randonneuren) an dem „Minett-cycle“ (fir d‘Cyclo-Touristen). Et dierf ee behaapten, datt dëst Wierk, datt zesumme mat den Editions Guy Binsfeld ausgeschafft gouf, ganz komplett an iwwersiichtlech gestalt gouf. Wou kann een dësen touristesche Guide dann elo bezéien?

Esch 2022 recommandéiert de Kaf bei der Librairie Ernster. De Präis fir dës dräisproocheg Editioun ass mat 16,50 Euro raisonnabel. D‘Sprooche sinn däitsch, englesch a franséisch. De Guide huet och eng ISBN Nummer: 978-99959-0-634-4

Dernières nouvelles