Amnesty International Lëtzebuerg: Käerzen Doheem amplaz vum Fakelzuch

Am Kader vum internationalen Dag vun de Mënscherechter hat Amnesty International Lëtzebuerg säin traditionelle Fakelzuch duerch d’Stad Lëtzebuerg geplangt. Duerch déi aktuell Sécherheetssituatioun gëtt dës Aktioun elo ofgesot.

Direkt e puer Demonstratioune ware fir de Weekend ugekënnegt, dorënner och eng weider Marche Blanche sou wéi eng Maniff géint d’Hausse vun den Energiepräisser. Rassemblementer an der Stad Lëtzebuerg sinn awer fir dëse Weekend ënnersot an esou huet AI Lëtzebuerg decidéiert, säi Fakelzuch anescht duerchzeféieren.

Bei deenen heiten Opnamen ass et hinnen och net iwwel ze huelen:

D’Mënscherechtsorganisatioun rifft dozou op, den 10. Dezember um 18 Auer eng Käerz virun der Hausdier unzefänken an opzestellen, eng Foto dovun ze maachen an dës op de soziale Kanäl ze verëffentlechen. Amnesty International Lëtzebuerg freet sech op de Biller markéiert ze ginn. Doduerch sollt en Zeeche gesat an d’Sécherheet vu jidderengem garantéiert ginn.

Zousätzlech zu dëser Initiative am Kader vun der Campagne „Write for Right“ en Owend virgesinn, un deem Bréiwer geschriwwe ginn. Heivir gëtt en Aktiouns-Kit zur Verfügung gestallt, dat gratis iwwer activisme@amnesty.lu bestallt ka ginn. Unhand vum Inhalt vun dësem Kit kann ee sech iwwert déi 10 Persounen a Gruppen informéieren, déi am Fokus stinn an uschléissend e Message vun der Solidaritéit un d’Autoritéite schreiwen.

Dës Aktioun ass och an digitaler Form méiglech. Weider Informatiounen zur Campagne fannt dir op write4rights.amnesty.lu.

Dernières nouvelles