Temporär Fermeture vum Parking Knuedler (07.-18.02.2022)

Virun engem Mount eréischt huet de Parking Knuedler no laange Renovatiounsaarbechte partiell opgemaach. Vun e Méindeg, de 7. Februar 2022 bis Freides, den 18. Februar 2022 inclus wäert de Parking am Stadzentrum nees zou sinn, dës Kéier duerch Aarbechten un den Ofwaasserwäichen um Knuedler.

An dësem Kader weist d’Stad Lëtzebuerg drop hin, datt divers aner Plazen zur Verfügung stinn, wou ee säi Gefier ofstelle kann. Heizou gehéieren de Parking Monterey (340 Plazen), Parking Royal-Hamilius (404 Plazen), Parking Theater (335 Plazen) a Parking Rond-Point Schuman (200 Plaze wärend der Woch, 400 Plaze Weekends).

Weider Informatioune ginn et op parking.vdl.lu.

Dernières nouvelles