6 Selektiounen an 3 Präisser: D‘Lëtzebuerger Koproduktiounen iwwerzeegen um Festival vu Cannes

Bei der 75. Editioun vun den internationale Filmfestspiller vu Cannes sinn net nëmmen 6 Koproduktiounen aus dem Groussherzogtum ausgewielt ginn. Mat ganzer 3 Präisser sinn d‘Talenter vun der Lëtzebuerger Film- a Kinowelt ausgezeechent ginn.

Belount gouf esou d‘Wierk CORSAGE vum Marie Kreutzer (Samsa Film). Heibäi konnt déi Lëtzebuerger Schauspillerin Vicky Krieps an der Roll vum Sissi, der rebellescher a feministescher Keeserin vun Éisträich duerch hir fantastesch Performance iwwerzeegen.

E weidere Präis goung un dëse Film fir déi bescht Klanggestaltung. Domat sinn d‘Letzebuerger Ekippe mam Carlo Thoss an Alain Goniva, sou wéi d‘Post-Produktioun (Philophon Studios, Philippe Kohn/Michel Schillings), an ënnert anerem och de Lieven Verbraeken, Loic Collignon, Nicolas Leroy, Angelo Dos Santos, Philippe Deschamps, Vincent Maloumian a Ken Nnganyadi fir hir Aarbecht gewierdet ginn.

Déi drëtt Auszeechnung ass un d‘Wierk HARKA vum Lotfy Nathan (Tarantula Luxembourg) gaangen. Hei war et de Fransous Adam Bessa, deen am Film e jonken Tunesier verkierpert huet. A senger Roll misst hien um Schwaarzmaart Bensinn verkafen, fir sech iwwer Waasser ze halen. Och säin Optrieden huet begeeschtert!

Hei déi 3 Wierker, déi an der offizieller Selektioun vun „Un certain regard“ waren:

  • CORSAGE: Koproduzéiert vum Bernard Michaux, realiséiert vum Marie Kreutzer, mam Vicky Krieps an der Roll vum Sissi a Jeanne Werner an der Roll vum Ida Ferenczy;
  • PLUS QUE JAMAIS (MORE THAN EVER): Koporuzéiert vum Jani Thiltges (Samsa Film), realiséiert vum Emily Atef, mam Vicky Krieps an der Haaptroll;
  • HARKA: Koproduzéiert vum Donato Rotunno (Tarantula Lëtzebuerg), realiséiert vum Lotfy Nathan.

Folgend Wierk war fir „Séance événement“ ausgewielt:

  • LE PETIT NICOLAS – QU‘EST-CE QU‘ON ATTEND POUR ETRE HEUREUX?: Produzéiert vum Lilian Eche a Christel Henon (Bidibul Productions), realiséiert vum Amandine Fredon a Benjamin Massoubre, nom Wierk vum René Goscinny a Jean-Jacques Sempé.

Nominéiert fir „Séance minuit“ war:

  • REBEL: Koproduzéiert vum Jésus Gonzalez (Calach Films), realiséiert vum Adil El Arbi a Bilall Fallah, mat de Letzebuerger Acteuren Tommy Schlesser an Nassim Rachi.

Folend Wierk war fir „Quinzaine des Réalisateurs“ ausgewielt:

  • PAMFIR: Koproduzéiert vum Adolf El Assal (Wady Films), realiséiert vum Dmytro Sukholytkyy-Sobchuk.

Fir d‘Lëtzebuerger Filmwelt bedeiten des Nominéierungen an Auszeechnungen, datt d‘Talenter an hiert Kennen gewierdegt ginn. Mat ëmsou méi Motivatioun fir nei fantastesch Wierker starte si nei Produktiounen a Projeten.

Dernières nouvelles