Frontex soll den Äermelkanal iwwerwaachen

Well de franséisch-brittesche Migratiounsskandal och en europäesche „Problem“ ass, hat et gëschter eng Reunioun zu Calais, un där d‘Britten sech, aus Grënn, net hunn dierfe bedeelegen

Beim Krisentreffen, datt vum franséischen Inneminister Gérald Darmanin agefuerdert gouf, hunn sech d‘Vertrieder aus der Belsch, Däitschland, Frankräich an Holland, op eng méi streng Handhab vun de Schleiserbande verstännegt. D‘Britten, déi een nom oppene Bréif vum Boris Johnson nees ausgelueden hat, sinn awer zur Kooperatioun opgefuerdert ginn. D‘Schleisunge gi jo vun der Insel aus koordinéiert. D‘Spuer vum Geld vun de Migranten/Flüchtlingen, féiert direkt op London…

Nom Treffe vu Calais huet de franséischen Inneminister erkläert, datt ee sech vun de Britten elo géif erwaarden, engersäits legal Migratiounsweeër ze schafen an anersäits déi illegal Beschäftegung vu Migranten/Flüchtlingen ze erschwéieren. Selwer ass ee bereet, d‘Iwwerwaachung aus der Loft ze iwwerhuelen. An dem 1. Dezember soll permanent ee Fliger d‘Küste vun de Partner iwwerwaachen.

Ganz interessant nach Fait, datt de Gérald Darmanin gëschter erkannt huet, datt et an dësem eppes schwierege Kontext och ëm Mënsche geet. Esou sot hien: „Et hëlleft net d‘Flüchtlingen ze kriminaliséieren, déi franséisch Police wëll mat hirem Asaz un der Küst Mënscheliewe retten“. Dat ass sécherlech eppes wat een ënnert „politesch Ligen“ ofleeën dierf, wéi „human“ déi franséisch Autoritéiten, besonnesch zu Calais, mat Migranten/Flüchtlingen ëmginn, ass jo gutt dokumentéiert.

London ass just geographesch an Europa

Interessant nach d‘Ausso, datt ee sech weider mat de Britte wéilt beroden, si wiere jo awer esou eppes wéi Alliéierter. Gutt datt sinn d‘Tierke streng geholl och… D‘Priti Patel, Inneminestech vu Groussbritannien, hat jo den Dag am Krees vun der Famill genoss, wat net verhënnere konnt datt Positioun ergraff gouf. Si schéngt allerdéngs net gesot kritt ze hunn, datt si net méi an der EU sinn.

Esou heescht et dann: „Groussbritannien kann dëse Problem net eleng bewältegen. Mir an Europa mussen eis all zesumme méi ustrengen, Verantwortung iwwerhuelen, soss dreeën nach gréisser Tragedien am äiskale Waasser“. Nee d‘Priti Patel wëll de Brexit net réckgängeg maachen, mee deit drop hin, datt si an der Migratiounspolitik gäre geséich, datt d‘EU bei London den Dublin-Accord géif uwennen, also déi „illegal Awanderer“ géif zeréckhuelen, dat dann ouni grousst Gedeessems.

Dat wäert sech esou wuel net méi opgoen, zemools et grad ebe wéinst dem Brexit mat der Unioun vill Problemer huet. Dann hunn och nach just d‘Fransousen am Sträit ëm d‘Fëschereilizenzen mat de Britten zolidd Zodi. Anersäits flitt de Britten hir nei Fräiheet zur Stonn ëm d‘Oueren, an deen Zoustand dierft länger hale, wéi dem Boris Johnson léif dierft sinn. Eng Léisung ass net a Siicht…

mat indymedia/lil/lon

Annex: Déi gemeinsam Erklärung vu Calais (fr)

Dernières nouvelles