Bierger fuerdere méi Sécherheet am Garer Quartier

Datt de „Groussraum“ ronderëm de Garer Quartier a punkto „Kriminalitéit“ ee Brennpunkt ass, dat ass bekannt. De Problem ass zudeem net nei, woubäi et politesch iergendwéi ëmmer méi einfach ze si schéngt, repressiv Mesuren ze erhéijen, wéi dann de Problem un der Wuerzel unzepaken.

Gëschter haten dann d‘Bierger (also eng 350 vun hinnen) aus dem Brennpunkt, d‘Geleeënheet sech an der Sportshal vun der Stroossbuerger-Strooss auszetauschen. Et ass jo an der tëscht gewosst, datt d‘Stad Lëtzebuerg, Enn November decidéiert huet, den Asaz vu schwaarze Sheriffer auszesetzen. Mat der d‘Animatioun war de Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, vertraut ginn.

Deen hat géintiwwer de besuergte Bierger keen einfache Stand. Déi hunn och zu kengem Ament berécksiichtegt, datt hien dat gliddegt Eisen an d‘Hand gedréckt krut. Dem Minister nämlech hei virzewerfen, datt hien an zwee Joer „Näischt“ gemaach hätt ass leider net richteg. Dat soll awer elo och nee heeschen, datt säi Moossnamepak dat ugeschloe Sécherheetsgefill vun de Leit erhéicht.

Vun der Buergermeeschtesch dann och nach emol den Hiwäis dorobber, datt d‘Police d‘Aarbecht net eleng leeschte kann. D‘Bierger hunn es hirersäits iwwer béid Ouere mat der Kriminalitéit: dat geet vu gewaltsamen Iwwerfäll, iwwer den Drogenhandel bis hin zur Prostitutioun. Ee Problem sécherlech, deen awer, an do huet de Minister Recht, net eleng a senger Verantwortung leie géif.

Hei missten, esou den Henri Kox, och de Gesondheetsministère, den Ausseministère, d‘Justiz, d‘Educatioun an d‘Gemenge kooperéieren. Méi Beamten a Videoiwwerwaachung wiere jo och versprach a solle Mëttelfristeg zur enger Verbesserung bäidroen. D‘Bierger huet de Minister mat senger Interventioun awer net beandrockt, si bleiwen hirer Linn an hiren Ängschten trei.

Net emol de Police-Direkter fir de Bezierk Lëtzebuerg-Stad, Patrick Ewen, deen op déi erhéichte Police-Presenz, déi repressiven a preventive Mesuren – alles mat Zuele beluecht – higewisen huet, konnt déi besuergte Bierger iwwerzeegen. Et ass mat der Sécherheet wéi mat der Politik, wann ee kee gutt Gefill huet, ass d‘Saach mam Vertraue séier gekläert. Anersäits… ganz falsch leien se net.

Dernières nouvelles