Volleksentscheed fir d‘Covid19-Gesetz

D‘Schwäiz huet am Verglach mat de Länner vun Europäescher Unioun ee relativ niddregen Taux bei der Vaccinatioun. Elo waren d‘Bierger opgeruff, sech iwwert d‘Moossnamen am Kampf géint d‘Infektiounskankheet ze äusseren.

Bis ewell sinn déi Schwäizer Mesuren iwwersiichtlech gehalen: am ëffentlechen Transport gëllt d‘Maskeflicht; fir de gesamte Kultur- an Horesca-Secteur déi sougenannt 3G-Reegel. Leider läit den Impftaux an der Schwäiz bei grad emol 65%, an et huet Kantonen, do ass dësen ënner 50% geleeën. Datt ënnert dësen Ëmstänn d‘Infektiounszuelen duerch de Plaffong ginn, wuel logesch.

De Gesondheetsminister Alain Berset huet déi lescht Woch nach emol drop higewisen, datt een an der Regierung beméit wier ze verhënneren, datt d‘Moossname musse verschäerft ginn. Dat hätt allerdéngs och schonn eppes mat der Vernonft vun de Bierger ze dinn. Déi waren opgefuerdert sech gëschter fir oder géint d‘Covid19-Gesetz – mëttels Volleksentscheed (Referendum) – ze äusseren.

Et dierf drop higewise ginn, datt d‘Campagne zu dësem Volleksentscheed vun den Emotiounen, net awer vun der Intelligenz gedroe gouf. Et ass och ee gewote Schratt vun der Schwäizer Regierung – déi eenzeg bis ewell déi d‘Bierger bei der Entscheedungsfannung mat an d‘Boot hëlt – wëll sech d‘Géigner vum Gesetz, trotz dem Fait minoritär ze sinn, op alle Kanäl maximal duerchgesat hunn.

Trotzdeem waren d‘Sondagen déi ganz Zäit iwwer éischter „Pro“ wéi „Kontra“ an esou huet een sech gëschter dierfen Hoffnunge maachen, datt d‘Vernonft dach awer dat lescht Wuert wäert hunn. De Peter Metzinger, leedende Kapp hannert der „Jo-Beweegung“ war wuel zouversiichtlech, awer hie wousst, datt Iwwerraschunge méiglech sinn. Et gouf sech bis d‘Resultat bekannt war gedëllegt.

Einfach beispillhaft

Datt intelligent Mënschen sech net fräiwëlleg virun den Zuch geheien deen op si duer kënnt, dat kann een no bekanntginn vum Volleksentscheed mat Freed constatéieren. D‘Vernonft huet sech an der Schwäiz duerchgesat. De Peter Metzinger huet den Ausgang vun dësem Referendum am SRF-Journal wéi follegt kommentéiert:

„Mir waren eis ëmmer sécher, datt an der Schwäiz eng Majoritéit fir d‘Vernonft ass, an sech op déi virleiend Fakten, wéi och déi wëssenschaftlech Orientéierung konzentréieren. Natierlech hätt et och anescht kënne kommen. (…) Et huet sech erwisen, datt an der Schwäiz nach d‘Vernonft regéiert“.

Covid19

Elo ass et awer och net dat wat een als „Dramresultat“ sollt duerstellen. 62% si sécher d‘Majoritéit, mee een Drëttel vun de Bierger, sinn – wann ee se dann als „Minoritéit“ duerstelle wëll – nach ëmmer eng gewësse kritesch Mass. Dat weess hei och de Leader vun der „Nee-Beweegung“ Josef Ender (Aktiounsbündnis Urkantone), dee vu senge Leit erwaart, dës Néierlag elo och unzehuelen.

Mat dësem Volleksentscheed ass jiddefalls d‘Regierung elo eppes méi fräi, wat d‘Legiferatioun an d‘Festleeë vu Covid19-Ofwiermoossnamen ugeet. D‘Fuerderung vun de Schwäizer ass jiddefalls däitlech. Kéint esou ee Volleksentscheed, eventuell bei der Iwwerleeung d‘Impfflicht am Covid19-Kontext anzeféieren, bei eis am Land Verbesserunge bréngen? Nee, Referende sinn net gelidden…

mat indymedia/zrh

Dernières nouvelles