Testen, behandelen, virbeugen: Aktiounswoch zum Welt-AIDS-Dag

Am Kader vum Welt-AIDS-Dag, deen all Joer den 1. Dezember organiséiert gëtt, hunn d’HIV Berodung vum Lëtzebuerger Rout Kräiz zesummen verschidden Aktiounen zur Sensibiliséierung , dem Depistage an der Solidaritéit op d’Been gestallt. Vum 22. bis den 29. November 2021 kann ee sech beispillsweis gratis an anonym teste loossen.

Och wann zënter bal 2 Joer d’Pandemie am Virdergrond steet, esou sinn aner Krankheeten nach laang net verschwonnen. Och den HI-Virus, deen den Immunsystem vu betraffene Persounen ugräift, ass net verschwonnen an nach ëmmer gëtt no enger Impfung an/oder engem Heelmëttel gesicht.

Mam Motto „Testen, behandelen, virbeugen“ ginn dräi wichteg Punkten ervirgehuewen:

En Test, sief et als Schnelltest oder unhand vun enger Bluttanalys, ass nach ëmmer déi eenzeg Méiglechkeet fir erauszefannen, ob eng Persoun infizéiert ass. No der Infiektioun gräift de Virus lues a lues den Immunsystem un an esou kann et eng laang Zäit daueren, ier Symptomer optrieden.

Ass d’Infektioun bis festgestallt, gëtt eng antiretroviral Behandlung ugebueden, bei där de Virus neutraliséiert gëtt, sech doduerch net méi weider ausbreeden an d’Immunsystem zerstéiere kann. Eng Heelung ass net méiglech, ma dofir kann een awer e relativ normaalt Liewen féieren, wann d’Infektioun fréi bemierkt gëtt.

Och d’Preventioun ass essentiell. Duerch en effikasst Traitement kann d’Quantitéit vum Virus esou reduzéiert ginn, datt de Partner keng Infektioun befierchte muss. Weess de Betraffene bis Bescheed iwwert seng Infektioun, esou ass et och un him dofir ze suergen, kengem anere seng Gesondheet ze riskéieren.

Schonn teste gelooss?

Esou einfach a schnell war et nach ni, sech op HIV testen ze loossen. Esou kann ee sech vum 22. bis den 29. November 2021 engem anonymme gratis Schnelltest ënnerzéien, dat bei der HIV Berodung (94, Bvd Général Patton – Méindes bis Mëttwochs vu 17 bis 19 Auer) an am LGBTQI+ Zenter Cigale (16, rue Notre Dame – Donneschdes vun 12:30 bis 14:30 Auer).

Wärend dëser Woch vum Depistage gi gratis Tester iwwert d’Bluttanalys och bei Ketterthill a Bionext ugebueden.

D’Baguette vun der Léift

An de Bäckereien Namur gëtt et bis den 1. Dezember inclus déi sougenannter „Love Baguette“ ze fannen. Wéi ee sech et scho virstelle kann, huet d’Baguette d’Form vun der rouder HIV-Schläif, Symbol vun der Solidaritéit. Fir all verkaafte Baguette vun der Léift geet 1 € un de gudden Zweck.

(Gedenk)Zeremonie fir déi Verstuerwen a Betraffen

Am Joer 2016 huet d’Asbl Patricka e Commemoratiounsbam am Europapark zu Dummeldeng geplanzt. De 26. November 2021 wäert genee do eng Zeremnoe organiséiert ginn, fir un d’Affer vum HI-Virus ze gedenken, Blummen néierzeleeën a Solidaritéit mat Betraffene ze weisen.

Dernières nouvelles