Gratis Iessen an de Schoulen? Net elo!

Eigentlech war geplangt, datt d’Schüler an de Kantinnen a Maison-Relaisen ab dem 1. Januar gratis do iesse kënnen. Mee heiansdo maachen engem Pläng ee Stréch duerch d’Rechnung.

De ganze Projet ass op déi nächst Schoulrentrée vertässelt ginn – ausser et géing nach eppes dertëschent kommen. Dat muss elo de Staatsrot decidéieren.

Datt d’Iessen an dësen Institutioune gratis soll sinn, ass eigentlech eng gutt Iddi. Mat vollem Mo léiert et sech am beschten. Esou musse Famillje mat niddregem Akommes net all Su ëmdréinen a wëssen awer, datt d’Kanner net hongereg an den nächste Cours musse goen.

Dës Pläng sinn dem Staatsrot allerdéngs batter eropgestouss. Dat ass däitlech u senger Kritik ze erkennen, datt Kanner, wou doheem iessen, och keng finanziell Ënnerstëtzung kréien. Mee wien seet dem Staatsrot, wat dës Kanner op den Dësch kréien? Villäicht ass et eng einfach Schmier, fir d’Grommelen am Bauch ze ënnerdrécken …

Wéi dee ganze Krimi ronderëm d’Iessen an der Schoul weidergeet, wäerte mir sécherlech mat Zäite gewuer ginn.

Dernières nouvelles