Ee Folterkniecht als Interpol-President

Et scho verschiddentlech Verbriecher, jo esouguer Nazien an der Korruptioun iwwerfouert Helden un der Spëtzt vun enger Institutioun, déi eigentlech eppes méi Respekt verdéngt hätt. Anersäits fënnt déi 89. Generalversammlung an der Tierkei statt (23-25. November)

Zum Gléck ass et nach esou, datt dës Agence, déi hire Sëtz zu Lyon (Frankräich) huet, nach vu ganz seriéise Cheffe geleet gëtt. Trotzdeem kéint bei der dësjäreger Generalversammlung nees ee Verbriecher President ginn. De Mann mat de beschten Aussiichte fir d‘Mandat ass keen anere wéi den Ahmed Naser al-Risi, Generalinspekter am Inneministère vun de Vereenegten Emirater (UAE).

Wann d‘Mandat vum President angeblech just „representativ“ ass, esou ass dank de Recherche vun diverse Mënscherechtsorganisatioune beluecht, datt den Ahmed Naser al-Risi ausser ee Verbriecher ze sinn, aktiv Mënscherechtsverstéiss a Folter an senger Heemecht vollbruecht huet. Dat wëssen och all déi politesch Decisionairen, déi hiert Land mat engem Pavillon un Dubai2020 bedeelegen.

Et ass dann och net wierklech en Trouscht datt den Interpol-Präsidium ee sougenannt onbezuelten Deelzäitmandat ass. Dat eenzegt wat engem nach „entgéint“ kënnt ass d‘Wëssen, datt déi decisiv Positioun bannent der Interpol, d‘Mandat vum Generalsekretär ass. Dës Poste gëtt – zum Gléck – vum allsäits Respektéierte Jürgen Stock aus Däitschland ausgefëllt. Dat wäert wuel esou bleiwen.

Faschisten, Mäerder an aner Krimineller

Mat der Nominéierung vum Ahmed Naser al-Risi, deet sech dann awer och emol d‘Geleeënheet op, drop hinzeweisen, wéi eescht et der Politik ass, d‘Interesse vun de Bierger, a besonnesch deenen déi Affer vu Verbrieche ginn, ze verdeedegen. Och bei der Interpol geet net emol am Usaz drëms sech fir d‘Recht am generellen anzesetzen, mee der Welt gleewen ze doen, et géif se d‘Gerechtegkeet.

Wéi eescht déi Mënsche wou de Gremium wielen, dat mat der Gerechtegkeet huelen, kann een un ee puer wéineg Beispiller festmaachen. Et ass näischt wat sollt verwonneren, an et ass och näischt wourunner iergendeen – vun deenen déi hei ee Wuert matzeschwätzen hunn – eppes wëll änneren. Wat natierlech och nees mat eegenen Interessen an deene vun de „Frënn“ dierft zesummenhänken.

Esou den Nazi Paul Dickopf (1968 – 1972), deen no sengem Mandat als President eng Carrière beim Bundeskriminalamt (Wiesbaden) gemaach huet. D‘Bundeskriminalamt war ëmmer scho vu fréiere „verdéngten“ Nationalsozialiste besat, an déi hunn hir „Traditiounen“ erfollegräich hunn déi haiteg Generatioune weidergereecht. Stëmmt net? Da sollt ee sech den NSU-Prozess ukucken…

Nieft reell existéierendem mënschlechen Offall, kënnt engem esou ee Personnage wéi de Jackie Selebi (2004 – 2008) aus Südafrika, direkt als Katechet vir. Dëse frëndleche Kärel hat een eppes opwennege Liewensstil a vill Frënn a Bekannten déi „Ënnerstëtzung“ gebraucht hunn. Hie gouf dann och am Kontext vum politesche Wiessel zu 15 Joer Prisong wéinst Korruptioun verurteelt.

Weider interessant Anekdoten…

Wéi verhältnesméisseg Onwichteg, bezunn op den Afloss deen den Interpol-President op déi reell erleedegt Aarbecht huet, ass, dat kann een unhand der Geschicht vum chineesesche Staatsbeamte Meng Hongwei (2016 – 2018) weisen. Net datt iwwerhaapt ee matkritt hätt, datt hie gewielt gouf, et huet kee matkritt, datt hien 2018 wärend eng Rees a China vun den Autoritéiten neutraliséiert gouf.

Offiziell soll de Meng Hongwei ëm de Récktrëtt gebiedelt hunn. Aner Source leeën no, dat hien et gewot hat de Gedanke vu „Reformen“ a Wierder ze faassen, wat dem ZK zu Peking opgestouss ass, firwat dann den ex-President vun Interpol zu enger laanger Prisongsstrof verurteelt gouf. Offiziell wéinst Korruptioun. Woubäi dat dierft, bei méi geneeëm Hikucken, op méi Presidenten zoutreffen.

Net manner Bosseg: Als Nofollger vum Meng Hongwei stoung de Kandidat aus Russland, dee ganz sympatheschen Alexander Prokopchuk, op der Wonschlëscht. Dëse konnt a leschter Sekonn verhënnert ginn, well och déi bestiechlechst Memberen sech net wollte virwerfe loossen, engem d‘Muecht ze ginn, déi hien zur Juegd op russesch Regimmkritiker an d‘Oppositioun notze wollt.

Wat fir den Ahmed Naser al-Risi schwätzt

Datt elo op en neits ee Verbriecher dat héchsten Amt sol zougeschwat kréien, huet mindestens dräi gutt Grënn, an dierft folgerichteg och net méi ze verhënner sinn. Dat verlaangt eppes Erklärung an déi kann een an 3 Punkten zesummefaassen:

  • Bei Interpol ass et änlech wéi bei den UN-Gremien, och wat d‘Walverfare ugeet. Wat déi perséinlech Qualifikatioun an/oder Kompetenz vum Kandidat betrëfft, esou spillt déi kaum, a falls dach, just eng bäileefeg Roll. Decisiv ass villméi dem Kandidat seng Nationalitéit, an d‘Länner vun der arabescher Liga haten nach ni ee President, wëllen elo och emol un d‘Rei kommen. An de Folterkniecht war nach dee presentabelste Kriminellen dee virräteg war.
  • Déi Vereenegt Arabesch Emirater (UAE) bedreiwen eng geheimnisvoll Stëftung an der säit Éiwegkeeten neutraler Schwäiz, méi prezis zu Genève, eng Stëftung. Dës ass nawell spendabel, an huet Interpol 50 Milliounen Euro zur Verfügung gestallt. Dat ass op den Cent de Budget vun Interpol, a gebraucht gëtt de Goss och, fir d‘Zentral zu Lyon auszebauen an ze moderniséieren.
  • Wéi am Fall vun der UN selwer, den UN-Organisatiounen an Institutiounen, esou hunn och bei Interpol déi Autoritär Länner d‘Soen, respektiv d‘Entscheedungsgewalt. Dëse Länner ass et – wann d‘Enveloppe passen oder et soss bilateral Interessen huet – egal wie präsidéiert a wat de Personnage qualifizéiert. De President huet jo net wierklech Entscheedungsgewalt.

Mat der Interpol ass wéi bei den Internationale Sportverbänn, déi jo och aus Grënn virzuchsweis an der Schwäiz gammelen, wou een et scho muss zolidd iwwerdreiwen, fir vun der Justiz behellegt ze ginn. D‘FIFA wier esou ee prägnant Beispill… An dëse Verbänn huet et vill dubiéis Presidenten, allerdéngs soll Interpol sech och an der grenziwwerschreidender Terrorbekämpfung duerchsetzen.

Wann de President vun der Interpol allerdéngs selwer ee Verbriecher ass, seng Regierung aktiv den Terror ënnerstëtzt, an aus Respekt virun den Traditioune Fraen ënnerdréckt, Mënsche wéinst hirer sexueller Orientéierung ëmbréngt a seng Gaaschtaarbechter wéi Sklave behandelt, kann een dësem eng gewësse Kompetenz net ofschwätzen. Zudeem hunn och mir als Lëtzebuerger ee ganz gudden Drot an d‘Emirater, a mat eisem Pavillon zu Dubai si mir beméit, d‘Kooperatioun ze verdéiwen.

mat indymedia/lys/tlv

Annexen:

Dernières nouvelles