OPGEPASST: Kéis vu „Vivre Vert“ enthält net-mentionéierte Soja

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet maachen drop opmierksam, datt sech an zwee Kéise vun der Mark „Vivre Vert“ Soja befanne kann, deen esou net op der Etikett markéiert ass. Fir Persoune mat enger Intoleranz an/oder Allergie géint d’Substanz kann d’Consommatioun zu gesondheetleche Problemer féieren.

Hei den Detail:

Kéis

  • Numm: Rapé fin & fondant
  • Mark: Vivre Vert
  • Unitéit: 150 g
  • Barcode: 3665501000408
  • Halbarkeetsdatum: 27/01/2022; 17/02/2022; 28/02/2022; 08/03/2022; 18/03/2022
  • Lot: 220127; 220217; 2021112201; 2021112901; 2021120901

Kéis

  • Numm: Tranches ultra-fondantes
  • Mark: Vivre Vert
  • Unitéit: 240 g
  • Barcode: 3665501000422
  • Halbarkeetsdatum: 01/02/2022; 02/02/2022; 19/02/2022; 26/02/2022; 14/03/2022; 19/03/2022; 29/03/2022
  • Lot: 5133; 5150; 8279; 9056; 9837; 646; 1464

Dës Warnung riicht sech just u Persounen, bei deenen no der Consommatioun eng anormal Reaktioun op Soja entstoe kann. Symptomer wéi Verdauungsproblemer, Otemproblemer, Hauterkrankungen an Änleches kënnen optrieden. All aner Persoune kënnen de Kéis natierlech ouni Restriktiounen iessen.

Verkaaft goufen d’Produiten am Auchan. Eng Vente an anere Butteker kann net ausgeschloss ginn.

Dernières nouvelles