D‘Lager Dadaab zu Kenia gëtt zougemaach

D‘Flüchtlingslager Dadaab zu Kenia existéiert schonn zanter 25 Joer. Ongeféier 232.903 Mënsche sinn do ënnerbruecht.

Dat war net ëmmer esou. Et ass eng Zäit ginn, do war Dadaab dat gréisste Flüchtlingslager – mat iwwert enger hallwer Millioun Persounen.

Et wäert nach 6 Méint daueren – da gëtt d‘Lager zougemaach. D‘Begrënnung vun der kenianescher Regierung ass, datt an dëse Lageren Terroristen ausgebilt ginn. Angscht ëm déi national Sécherheet? Dat ass nawell eng einfach Ausried sech aus der Affär ze zéien. Et gi keng Hiweiser drop, déi dorausser schléissen, datt d‘Lager ee Sécherheetsrisiko ass.

Eng weider Fro ass, ewéi all dës Mënschen ëmgesidelt kënne ginn, ouni Schued ze huelen. Do misst sech eigentlech Europa aschalten a sech un d‘Genfer Flüchtlingskonventioun halen. A Somalia dominéiert zanter 20 Joer ee Biergerkrich d‘Land, doduerch gouf d‘Lager am Joer 1991 opgebaut.

Datt et elo zougemaach gëtt, ass Grond genuch, datt d‘Dokteren ouni Grenzen drun erënneren, datt dréngend dauerhaft Léisunge fir d‘Flüchtlinge fonnt ginn, déi de Moment nach am Lager liewen. Ginn si virun d‘Dier gesat, erhalen dës Fraen, Männer a Kanner nach manner Hëllef, ewéi elo.

Vill Flüchtlinge sëtzen zanter Joerzéngten an dësem Lager fest, si hunn just begrenzte Méiglechkeeten fir ee séchert Liewen ze féieren. Dëst wäert zu enger schwéierer humanitärer Situatioun féieren. Wéi kënne si sech medezinesch versuerge loossen, wann dës „Déngschtleeschtung“ aus dem Lager ewechfält? Wouhier kënnt dann déi liewesnoutwenneg Medezin? Wéi eng psychologesch Spueren hannerléisst dat bei de Flüchtlingen?

Ma dat ass et jo – et sinn net nëmme Flüchtlingen. Et sinn Mënschen, mat Emotiounen, Hoffnungen, Wënsch an Dreem. Wat léieren d‘Kanner? Sou vill Froen – a keen huet d‘Äntwert.

Déi meescht vun hinnen, wëllen net zeréck an hier al Heemecht Somalia. An dat ass nawell verständlech.

Wéi soll dës Erausfuerderung gemeeschtert ginn, wann d‘Flüchtlinge just Schachfigure fir d‘Politiker an hir Regierunge sinn?

Europa, wou gees de hin?

Dernières nouvelles