Kichen a Brand: 2 Persounen goufen aus Escher Residence gerett

Gëschter kuerz viru 15 Auer goufen d’Pompjeeë vum CGDIS an d’Rue Victor Wilhelm zu Esch-Uelzecht geruff. An enger Wunneng um 5. Stack vun enger Residence stoung eng Kichen a Flamen.

Nodeems eng Persoun aus der betraffener Wunneng evakuéiert konnt ginn, huet eng weider Persoun misse mat der Dréileeder vum Balcon vum 6. Stack gerett ginn.

Kichen a Brand
© CGDIS

Wéi de CGDIS matdeelt, konnt de Brand schnell geläscht ginn. Ëm 30 Pompjeeën waren am Asaz, dorënner de CIS Esch-Uelzecht, de CIS Suessem Déifferdeng, de CIS Diddeleng an de CIS Monnerech. Dobäi koumen d’Ambulanze vun Esch-Uelzecht, Suessem Déifferdeng a Keel sou wéi de SAMU.

Dernières nouvelles