COP26: Kann ee sech kooperativ Bekämpfen?

Zu Glasgow bei der Weltklimakonferenz hu China an USA an enger gemeinsamer Erklärung hir Zesummenaarbecht am Kampf géint d‘Äerderwiermung ugekënnegt

Datt déi zwou gréisst Vollekswirtschaften vun der Welt gutt berode sinn zesumme statt géintenaner ze schaffen, ass esou richteg, wéi et theoretesch méiglech ass. De Klimabeoptraagte vun der neier US-Regierung, John Kerry, huet gëschter gemengt: „D‘USA a China hu kee Manktem u Problemer, mee beim Klima kënne mir eis Ziler net erreechen, ouni enk zesummenzeschaffen“.

An esou hunn sech béid Natiounen an enger gemeinsamer Erklärung op ee grondleeënde Kader fir dës Kooperatioun verstännegt. Laut dem John Kerry ass dat nächst Joerzéngt entscheedend fir d‘Rudder nach emol ëmgerappt ze kréien. Ob dat esou stëmmt? Den Amerikaner John Kerry huet gutt Aussiichten dat an zéng Joer net mussen ze beäntwerten. Anersäits, wat soll de Mann soen?

Elo heescht an dëser Erklärung och nach, datt China an d‘USA dëse kritesche Moment notze wëlle fir zesummen den Ëmbau zu enger klimaneutraler Weltwirtschaft an d‘Wee ze leeden. Et soll hei esouguer eng grenziwwerschreidend Aarbechtsgrupp zu dësem Zweck ginn. Déi huet d‘Missioun nach an dëser Dekad ambitiéis Moossnamen auszeschaffen an der Welt schmackhaft ze maachen.

Zu den Urgence gehéiert d‘Reduktioun vun de Methan– a CO²-Emissiounen, wéi och den Ausstig aus der Kuel als Energieträger… klengt alles zumindest rhetoresch ganz gutt, ob déi zwee dat awer ëmsetze kënnen? Hei dierf een Zweiwel hunn, wat engem hallwe Joerhonnert Klimaverbrieche vu grad dësen Zwou Natioune geschëlt ass. Si verdeedege jo mat änlechem Asaz d‘Mënscherechter.

Et sollt ee jo awer dierfe bedenken, datt entspriechend der Annonce vun der Zentralregierung zu Peking, China seng Zäregasemissiounen eréischt ab 2020 drossele wëll/kann. An och d‘USA, déi vum Joe Biden nees an de Paräisser Accord zeréckgefouert goufen, brauchen elo eppes Zäit. Flott, wéinstens den UN-Generalsekretär Antonio Guterres, huet sech iwwert de Rapprochement gefreet.

mat indymedia/gla

Illustratioun: © John Tyson / unsplash

Dernières nouvelles