Depressioun, déi hännerhälteg Krankheet

« Rapp dech um Rimm. Du hues dach alles fir glécklech ze sinn. Sich dir eng Aktivitéit. »

D’Depressioun ass eng onsiichtbar Krankheet, déi dacks net eescht geholl gëtt, well se net sou offensichtlech wéi e gebrachent Been ass. Betraffener mussen sech mat Virurteeler ausernee setzen, ma dat betrëfft all Liewensberäich – sief dat d’Aarbecht, d’Famill oder einfach nëmme sozial Kontakter.

Eng Depressioun ass net dat selwecht wéi einfach nëmmen traureg ze sinn, et ass vill méi. Déi däischter, erdréckend Gefiller hënneren een an all méiglechen Alldagsberäicher an Aktivitéiten.

Kuckenswäert ass hei de 4 Minutte laange Video vun der Weltgesondheetsorganisatioun. De Kuerzfilm weist e Mann deen säin Alldag bewältege wëll, mee stänneg vun engem Hond opgehale gëtt. Den Auteur Matthew Johnstone, deen fir d’Illustratiounen zoustänneg war, huet d’Buch dozou geschriwwen, an deem hie beschreift, wéi donkel Gefiller e Mënsch beaflosse kënnen.

Dës weidere seet d’Weltgesondheetsorganisatioun, datt weltwäit méi wéi 300 Millioune Mënschen vun Depressioune betraff sinn. Vun der Donkelziffer brauch een hei guer net ze schwätzen …

Et ass wichteg, sech drun ze erënneren, datt depressiv Mënschen net depressiv wëlle sinn. Och si wëllen uerdentlech um Liewen deelhuelen, eng aner (besser) Stëmmung a Spaass hunn.

Depressioune si Schiet, wann d’Sonn schéngt. Och wann et grad 25 Grad dobausse sinn, et leeft engem äiskal de Réck erof. Jiddweree kennt d’Gefill, et fillt ee sech schlecht. Normalerweis ass dat jo kee Problem, mee bei den Depressioune verzitt de Schiet sech net einfach erëm. E bleift, ob e wëll oder net.

Eng donkel Wollek ass iwwert engem a kee gesäit se. Keen versteet firwat déi Betraffen sech sou fillen – a si nach manner. Et ass en Däiwelskrees.

Dofir ass et wichteg ëm Hëllef ze froen, et ass gewosst, datt dës Entscheedung net einfach ass. Ënnerstëtzung vu Familljemembere kënnen hei eng grouss Hëllef sinn.

Psychologesch Hëllef kascht vill – et ass awer och eng gutt Investitioun an d’Zukunft. An och mat professioneller Hëllef ass et e laange Prozess, deen och mol wéidoe kann.

Mee wann ee Leit a sengem Ëmfeld huet, déi d’Situatioun verstinn a respektéieren, wäert d’Ënnerstëtzung vu groussem Wäert sinn. D’Zäit heelt all Wonnen, stëmmt hei wuel net wierklech, ma wann e säin däischteren Hond begéint, kann een en Stéck begleeden – an en erëm lassloossen. Ëmmer an ëmmer erëm.

Dernières nouvelles