Loosst eis zesumme laachen

Dat ass kee Witz. Um haitege Samschdeg ass tatsächlech den US-amerikaneschen Aktiounsdag Let’s Laugh Day.

Och wann et eis dacks net no laachen ass, sou ass dach bewisen, datt dëst gesond ass. Ewéi bei sou ville kuriosen Aktiounsdeeg, ass den Ursprong net bekannt.

Et geet haaptsächlech drëms eng typesch mënschlech Verhalensweis ze feieren – hier voll Wierkung ass am beschten a Gesellschaft vun anere Mënschen ze gesinn. Et gëtt jo net fir näischt behaapt, datt d’Laachen ustiechend ass. An dat ass wuel wouer.

Laachen ass eng natierlech Reaktioun vun engem gesonde Mënsch (oder engem Grupp) op komesch Situatiounen. Dës weidere kann d’Laachen och a Stresssituatiounen entlaaschten (oder no engem Schreck.

Och zum entspanen oder ofwende vu Konflikter, ka Laachen ee gudden Déngscht leeschten.

Ma et ass dach schéin ee Laachen ze ginn – an och erëm zeréckzekréien. Dat ka beim Autofueren, am Supermarché oder beim spadséiere sinn.

Et ass bewisen, datt dëst den Heelungsprozess vu verschiddene Krankheete fërdert. Duerch d’Wuelbefanne, gëtt Stress ofgebaut – an dat ass gutt fir d’Immunsystem. Speziell op Kannerstatioune ginn gutt Erfarunge mat Clowne gemaach, déi d’Kanner reegelméisseg besichen.

Dernières nouvelles