Vollëksfest beim LCGB

Den 1. Mee ass international als Dag vun der Aarbecht bekannt. Eng Traditioun zum Beispill ass, ee Meekranz ze bastelen – an en un d’Dieren ze hänken.

Aarbechter, Patronen a Gewerkschafte versammelen sech un dësem Dag fir hiren Asaz esou wéi hier Fuerderungen no enger gerechter Aarbechtswelt ervirzehiewen. Dobäi geet et och ëm de sozialen Zesummenhalt, dee vill ausmécht.

Duerch d’Coronapandemie konnt an de leschten zwee Joer keng gréisser Versammlung ofgehale ginn. D’Feier an déi traditionell Riet vum LCGB-Nationalpresident hunn nëmmen online stattfonnt. Dat gëtt elo nogeholl – a Form vun enger grousser Kiermes zu Réimech.

Weider Informatiounen an een detailléiert Programm sinn hei disponibel.

Dernières nouvelles