Led Zeppelin an d‘Trapen zum Himmel

Et ass de weltwäit drëttmeescht verkaaften Album an der Museksgeschicht. Viru genee engem hallwe Joerhonnert ass dat legendäert Wierk „Led Zeppelin IV“ verëffentlecht ginn, a mat dësem Album och d‘Meeschterwierk „Stairway to Heaven“.

Nodeems d‘Museker vu Led Zeppelin an de Londoner Island Studios mat den Opnamen zu hirem véierten Album ugefaangen hunn, sinn dës zu East Hampshire virugefouert a schliisslech an engem drëtte Studio nach un Detailer gefréckelt ginn.

Si hätten nach vill méi Material gehat, mee duerch hiren Hang zur Perfektioun wollt d‘Band schlussendlech just 8 Lidder zeréckbehalen. Domat komme si op eng Gesamtlängt vun 42:38 Minutten leidenschaftlechem an deelweis och experimentellem Rock.

Zum engen huet den Jimmy Page nämlech verschidden originell Kläng op der Gittar ausprobéiert, déi eigentlech net op den Album sollten, dunn awer un den Ufank vu „Black Dog“ gehaange goufen. Zum aneren hate si och Opnamen am Headly Grange-Haus duerchgefouert, woubäi e speziellen „Hall-Effekt“ am Hannergrond entstanen ass. Amplaz et ewech ze mëschen, hunn d‘Museker nach méi Effekter drop getiermt.

An da wier do nach „Stairway to Heaven“. Ëm d‘Wierk vun iwwer 8 Minutten dréien zuelräich Mythen an och déi droen dozou bäi, datt dëst Lidd esou bekannt ginn ass. Den Text ass abstrakt an och de Sänger Robert Plant soll sech net esou sécher sinn, wat hien do séngt. Laut him kann een d‘Zeilen all Dag op eng aner Aart a Weis interpretéieren.

Ma, fir déi eng geet et dorëm datt ee sech mat Suen net alles ka kafen, och net de Wee an den Himmel. Fir anerer verstoppe sech diabolesch Messagen hannert dem Lidd. Led Zeppelin war wuel zu dëser Zäit interesséiert drun seng Séil un den Däiwel ze verkafen a vläicht huet dësen jo duerno Lidd geschriwwen. Hannerzeg ofgespillt géif vum „Sweet Satan“ an der däiwelecher Zuel 666 gesonge ginn.

Ob et sech ëm e geckegen LSD-Trip vun de Museker, oder och vun der Fra, iwwert déi déi éischt Zeilen handelen, dréit oder si sech um J.R.R. Tolkien sengem „Hobbit“ inspiréiert hunn, wäert ee wuel ni richteg gewuer ginn. Gewosst ass awer, datt „Stairway to Heaven“ eent vun de beléiftsten a bekanntste Stécker un der Rockgeschicht ass, dat och haut nach gären ofgespillt gëtt.

Bleift nach ze soen, datt den Album eigentlech keen offiziellen Numm huet, vu villen awer als „Led Zeppelin IV“ oder „Four Symbols“ genannt gëtt. Hiren drëtten Album huet ënnert immenser Kritik gelidden an zousätzlech gouf der Band virgeworf, datt si just duerch en Hype bekannt sinn. Doduerch huet den Jimmy Page decidéiert, der Plack keen Numm ze ginn fir ze kucken, ob si sech trotzdeem gutt verkeeft.

Dernières nouvelles