Prisonéier leet Feier an erleit Verbrennungen zweete Grades

Wéi d’Prisongsverwaltung matdeelt, huet een Inhaftéierten haut am Nomëtteg Feier a senger Zell geluecht an dobäi Verbrennungen zweete Grades un den Hänn an am Gesiicht erlidden.

Nodeems de blesséierten Prisonéier géint 15:30 Auer entdeckt gouf, ass hien vum SAMU an den CHL transportéiert ginn. Wärenddeems konnt säin Zellegenossen gerett an de Brand schnell geläscht ginn.

Fënnef Agente vum Prisong, sou wéi een Infirmier hunn Damp ageootemt an hu sech missen enger medizinnescher Kontroll ënnerzéien.D’Direktioun vum Prisong, de CGDIS an d’Police waren op der Plaz. Zousätzlech sinn d’Direktioun vun der Prisongsverwaltung an den Ombudsman informéiert ginn. Déi technesch Police këmmert sech ëm d’Enquête.

Dernières nouvelles