Vu klenge Schrëtter a grousse Ligen

D‘COP26 ass gelaf an de gréissten Erfolleg: „d‘Partner ginn opgefuerdert, den Ausstig aus der Kuel anzeleeden“

Am schottesche Glasgow, der Stad fir d‘Dauer vun der UN-Weltklimakonferenz zur Dréischeif vun der „Privat-Jet-Industrie“ ginn ass, hunn sech déi ronn 200 Partnerlänner vun der COP op eng Aart Ofschlosserklärung verstännegt kritt. Net datt et de grousse Worf wier…

Fir et einfach a kuerz ze halen, wann den EU-Kommissär Frans Timmermanns feststellt, datt eleng d‘Opfuerderung zum Ausstig aus der Kuel schonn „en historeschen Erfolleg“ ass, seng politesch Komplizen eng änlech Bewäertung fir d‘Fuerderung „ineffizient Fërderunge fir Ueleg, Gas a Kuel ze sträichen“ hunn, da si mir a wesentlech schlechteren Dicher, wéi dat den offiziellen Text hir gëtt.

Wéi schänterlech defizitär och déi 26 Ausgab vun der COP war, huet sech um Samschdegowend gewisen, wéi – quasi a leschter Sekonn – den indesche Vertrieder nach eng rhetoresch Finesse an d‘Ofschlosserklärung erwierkt huet. Vill Länner hu sech allerdéngs iwwert d‘Verwässerung vun dëser „historescher“ Erklärung beschwéiert, awer ouni d‘Kontrahenten aus der Rou ze bréngen…

De Virsëtzende vun der COP26, Alok Sharma, huet ausser engem „Ech bieden ëm Entschëllegung fir d‘Aart a Weis, wéi dat gelaf ass, et deet mir immens leed“, sengem Mandat keng Éier erwisen. A wann hien noleet an nach mengt: „Et ass vun elementarer Bedeitung, datt mir dëse Pak schützen“; konnt ee Versteesdemech dofir hunn, datt seng Stëmm uschléissend den Déngscht versot huet.

Ee weidere „COP26-Enttäuschten“ ass den UN-Generalsekretär Antonio Guterres. Säi Statement: „Et ass ee wichtege Schratt, mee et ass net genuch“. D‘Ofschlosserklärung wier ee Kompromëss, deen d‘Interessen, d‘Kontradiktiounen an de Stand vum politesche Wëlle vun eiser erëmspigelt. De Kampf géint d‘Äerderwiermung wier de Kampf fir eist Liewen, an dee misst gewonne ginn.

Verflichtunge maache kee Sënn

Wou engem den Hutt kann héich goen, ass déi schwaarz op wäiss gehale Ligen: „D‘Länner hu sech verflicht d‘Äerderwiermung bei +1,5°C am Verglach zum virindustriellen Zäitalter ze stoppen“. Dat mat der Verflichtung ass leider gelunn. Villméi ass domadder gemengt, datt d‘Länner hir bis ewell onzouräichend Klimaschutzpläng sollen nobesseren. Dat awer fräiwëlleg, et huet keng Obligatioun.

COP26

Gläichzäiteg steet an dësem Wësch – deen si Ofschlosserklärung nennen – datt den Ausstouss vu klimaschiedlechen Emissiounen an dësem Joerzéngt ëm 45% muss reduzéiert ginn. Dat wäert net geschéien an et gëllt als wëssenschaftlech erwisen, datt dat sengerzäit zu Paräis vereenbaart Zil net ze erreechen ass, zumindest net mat de bestoende Mesuren an den Ziler vu gewëssen Natiounen.

Och d‘Benotze vum Wuert „Zouso“ ass bedenklech. Den aarme Länner Finanzhëllefen zouzesoen, heescht eendeiteg net datt dës d‘Hëllefen och erhalen. Dat ass dem Fait geschëlt, datt déi Länner de Präis – politesch a wirtschaftlech – stemme mussen. Méi einfach ausgedréckt: fir u Geld ze komme soll et Géigeleeschtunge ginn, woubäi nees d‘Ausbeutung vun hire Ressource gemengt ass.

COP26

Et heescht jo beispillsweis, datt d‘Dëppe vun der Finanzhëllef vun 20 Milliarden op 40 Milliarden US-Dollar soll vergréissert ginn. Geld dat bei duerch de Klimawandel erbäigefouerte Schied a Verloschter soll agesat ginn. Gemengt ass awer d‘Finanzéierung vun techneschen Hëllefen. Hei geet et kloer ëm d‘Finanzéierung vun Déngschtleeschtungen déi auserwielt Acteuren leeschten dierfen.

mat indymedia/gla/cgn

Foto: D‘Foto vum „social documentary“ Fotograf Dominik Bund, den de Protest vum Mouvement „Extinction Rebellion“ (XR) um Samschdeg beim Kölner Dom begleet huet, ass dee beschte Fazit deen sech am Bild festhale léist. © Dominik Bund

Annex:

Dernières nouvelles