Léiwer Härgottsblieschen

D’Liichtebengelcher sti prett, an d’Kanner si bereet fir dem spéiden Nomëtteg vun Dier zu Dier ze zéien, dat traditionellt Lidd „Léiwer Härgottsblieschen“ ze sangen a mat Séissegkeeten an/oder Suen beschenkt ze ginn.

An der Schoul, respektiv Doheem goufen dofir kreativ Lampionen gebastelt, vläicht gouf och einfach eng Lanter kaaft. D’Haaptsaach ass, datt d’Liichtebengelcher gefalen an an der Däischtert faarweg liichten. Sëtzt dann och nach den Text vum Lidd, kann näischt méi schif goen an eng kleng Belounung waart op d’Kanner.

Besonnesch d’Automobiliste sollten am spéiden Nomëtteg an Owend op den Ëmzuch oppassen.

Wisou gi mir liichten?

D’Traditioun vum Liichtmëssdag geet wuel op dat keltescht Fest vum Imbolc zeréck, bei deem d’Baueren an der Nuecht vum 1. op den 2. Februar mat Fakelen equipéiert d’Gëttin Brigid ugebiet hunn. Nom Wanter sollt esou en erfollegräicht a fruchtbaart Joer kommen.

E weidert Puzzelstéck an der Geschicht vum Liichtmëssdag läit an engem jüddesche Brauch, wou Mammen no der Gebuert als net reng gegëllt hunn. Esou huet och d’Maria hire Puppelchen an den Tempel bruecht fir e Rengegungsritual duerchzeféieren an Opfergaben ze schenken.

Am 4., respektiv 5. Joerhonnert soll schliisslech dorausser d’Lutefest ausgeruff gi sinn, wou an de Kierchen d’Fakelen duerch Käerzen ersat goufen. Och haut nach gi 40 Deeg no Chrëschtdag, u Mariä Liichtmess Käerzen an de Gotteshaiser geseent.

Hautdesdaags gëtt och oft op den Hellege Blasius, ee vun de 14 Nouthelfer verwisen. Hie soll d’Véi geschützt hunn, awer och bei Halswéi, Schwieren an der Pescht Hëllef ugebueden hunn.

Hunn d’Kanner soss eng Wick un engem Bengel genotzt, fir u Liichtmëssdag d’Luucht an d’Welt ze bréngen, esou huet sech dat am Laf vun der Zäit, aus Sécherheetsgrënn awer och duerch déi technesch Entwécklung, a Lampionen mat elektresche Bieren gewandelt.

Dernières nouvelles