Schonn 2 Joer an nach ëmmer keng Linn (Kommentar)

D‘Politik hätt et net einfach, heescht et, an et gëtt gäre behaapt, datt „anerer“ et elo wuel och net besser hikritt hätten. Dat kann en esou gëlle loossen, besonnesch am pandemesche Kontext, deen elo geschwënn säin 2 Joresdag feiert. Et ass sécherlech och richteg, datt et den Ament ganz vill där Krisen huet, an de Covid19 net deen eenzeg ongeléiste Problem ass. Hien ass awer de jéngsten…

Wéi sengerzäit den Etat de Kris ausgeruff gouf, war emol riets doriwwer, datt een sech misst dem nationale Pandemiegesetz unhuelen. Et hat do nach keen Impfstoff an jidderee war am Dauerstress. Trotzdeem wier ee bannent der Regierung gutt berode gewiescht, sech der Reform vun dësem unzehuelen. Wéi wäit ass een domadder? Eng Fro op déi et keng Äntwert huet, et awer eng brauch.

Et wier ubruecht, net mat der sanitärer Kris, wéi mat der Logement- oder Klimakris ëmzegoen. Déi bestinn zanter Joerzéngten an de Wëllen déi ze léisen, stécht nach an de Kannerschong. Eng politesch Optioun, der sanitärer Kris d‘Onrou ze schuppen, wier ze legiferéieren an d‘Impfflicht an d‘Pandemiegesetz anzebauen. A jo dat géif kuerzfristeg zolidd Gejäiz mat sech bréngen, ass esou.

Anersäits ass d‘Stigmatiséierung vun den Ongeimpften, grad wéi déi droleg Interpretatioun vun „Choix“ den Ament am Begrëff déi sozial Kohesioun aus den Aangelen ze hiewen. Gutt, et ass zumindest emol séchergestallt, datt d‘Produktivitéit erhale bleift. Well op d‘Schaff dierf een nach mat engem zertifiéierten Test. Eng kloer Linn ass dat net. Wéi laang dat esou nach gutt geet?

Dernières nouvelles