Dem Sultan seng Lira ass kee Su wäert

D‘Tierkei stécht nees an enger Wärungskris, esou gëtt dat näischt mat groussen osmanesche Räich

Fir den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan gëtt et héich Zäit, sech ëm d‘Staatsfinanzen an d‘Schold ze këmmeren, wann him weiderhin dru sollt geleeë sinn, d‘Kurden ze ermorden an sech um Krich vun den Aserbaidschaner géint d‘Armenier ze bedeelegen.

Wat ass da lass, firwat si mir esou opgereegt? Wa mir erwisenermoosse wéineg Sympathie fir esou Verbriecher wéi de Recep Tayyip Erdogan, seng Partei an Unhänger hunn, esou gëtt et awer och an der Tierkei Mënschen déi nach „normal am Kapp“ sinn, an dat sinn déi éischt Affer vum Sultan senger Politik. Der tierkescher Lira ergeet et grad wéi de Covid19-Patienten op de Intensivstatioun.

Mat enger Inflatioun, déi sech bei agreabelen 20% agependelt huet – dat bei gläichzäiteger Baisse vun den Zënsen – leeft de Sultan mat oppenen Aen an d‘Scholdefal. Wéi? Ma eigentlech sollte bei enger unzéiender Inflatioun, d‘Zënsen ugehuewe ginn, fir d‘Geld méi „deier“ ze maachen. Dat ass zumindest nach déi gängeg Haltung vun den Zentralbanken. Och d‘EZB hält sech un des Reegel…

Sultan

Doduerch ass et zwar zäitweileg manner interessant ze investéieren an d‘Wirtschaft gëtt gebremst. Anersäits bremst dat de Präisdrock aus. Am Fall vun der Tierkei, wierkt sech awer net nëmmen eng kontradiktoresch Finanz- a Wirtschaftspolitik op d‘Wärung aus. D‘Mäert (dat sinn déi ganz sensibel Wiesen déi vu kokainsüchtege Bänker beherrscht ginn) reagéiere gestresst op d‘Erdogan-Politik.

Si stelle fest, datt déi tierkesch Zentralbank net Wëllens ass d‘Inflatioun ze kontrolléieren, firwat d‘Geld och net méi an der Tierkei bleift. Déi Tierke wou kënnen, kafe Gold an/oder US-Dollar, wat weider op déi heemesch Lira mécht. Si geet weider an d‘Getten… Dobäi hunn dem Sultan seng „Beamten“ mat Zäite gewarnt an derzou geroden d‘Zënsen unzehiewe fir d‘Inflatioun ze bremsen.

Dem Sultan säi Geld ass a Sécherheet

Beamten déi mat vernënftege Virschléi virgetruede sinn, huet de Recep Tayyip Erdogan entlooss. Hien hëlt massiv Afloss op d‘Noutebank. Seng Approche ass einfach a schlicht, beweist allerdéngs datt säi Bildungsniveau och wierklech sengem Beholl entsprécht. Hie gleeft tatsächlech, datt ee mat niddregen Zënsen d‘Wirtschaft un d‘Lafe bréngt, wat strikt „rechneresch“ esouguer stëmmeg wier.

De Problem: doduercher klëmmt d‘Inflatioun monter weider, wat der Wirtschaft lues awer sécher de Buedem ënnert de Féiss entzitt. Aktuell léien d‘Zënse bei 16% an d‘Inflatioun, wei gesot, bei 20%. Dorausser ergëtt sech ee Realzëns vu -4%. En Inkubator fir d‘Inflatioun an den direkte Wee an ee finanziellen Däiwelskrees. Dat ass elo fir d‘Tierken eng ganz beonrouegend Ausgankssituatioun…

Fir de Sultan gesäit et besser aus. De Recep Tayyip Erdogan, seng Fra, de Recht vun der Famill an eng Rei „Auserwielten“ hunn hir Finanzen ausserhalb dem Anzuchsberäich vun der osmanescher Politik a Justiz ënnerbruecht. Och hir „Finanzreserven“ sinn US-Dollar a Gold, dat wat et u Lira ob tierkesche Konten huet ass geréng. An et huet et den Androck, datt sech Ankara dat leeschte kann.

D‘Tierkei ass jo net nëmmen NATO-Partner an de „Fiels an der Brandung“ – wann et ëm de Kampf géint den Terror, d‘Retentioun vu Migranten a Flüchtlingen an d‘Organisatioun/Verbreedung vum friddlechen Islam (DITIB) an Europa geet – mee eng Weltmuecht déi den Usproch huet sech als representativ Vertriedung vun der arabescher Welt ze gesinn. Esoulaang wéi Bréissel matmécht…

mat indymedia/tlv

Dernières nouvelles