Buchtipp: Lost vum Mindy McGinnis

Wien geet da gäre spadséieren? A wou? Éischter am Bësch an der Géigend vu Waasser oder léiwer am Duerf bei anere Mënschen?

Ma no dësem Roman aus dem Rowohlt Verlag wäert ech sécherlech net méi eleng an de Bëscher ënnerwee sinn. Mee am Géigesaz zu mir, huet d’Ashley, d’Protagonistin aus dem Buch besser Naturkenntnisser ewéi ech. Mä wäerten déi him hëllefen?

D’Ashley ass mat e puer Frënn an der déiwer Natur ënnerwee, duerch eng Meenungsverschiddenheet, mécht hatt sech duerch d’Bascht a blesséiert sech liewensgeféierlech. Dobäi kënnt nach, datt hatt sech am bekannte Bësch verluer huet.

Verléiert hatt d’Hoffnung?

D’Autorin huet de Charakter vum jonken Ashley immens gutt gezeechent, hatt ass couragéiert, huet ee staarke Wëllen a wëll onbedéngt liewen. Et mécht schonn e bëssen Angscht, hatt op dësem geféierleche Wee ze begleeden. Allerdéngs ass déi detailléiert Beschreiwung vun der Natur ee groussen Trouscht. Et kann ee sech alles bildlech virstellen, d’Beem scho bal richen.

Dat Wëllt a Geféierlecht, esou wéi d’Rou an d’Schéinheet si perfekt am Aklang.

Ma wien erausfanne wëll, ob d’Ashley de Wee aus dësem Albdreem fënnt, muss sech trauen, dësen Tuer mat him duerch d’Natur ze woen. Et ass op jiddwer Fall eng gelonge Survival-Story. D’Atmosphär ass esou düster, datt een onbedéngt wëll wëssen, wéi eng Iwwerraschung d’Natur fir d’Ashley nach bereethält. A mat dëser Geschicht spillt d’Autorin eigentlech mat enger vun eisen Urängschten – eleng der Natur ausgeliwwert ze sinn. Dofir kann ee sech warscheinlech och esou gutt mam Ashley identifizéieren.

Dernières nouvelles