Mäertesdag 2021 um Härebierg: Mat Häerz a Verstand

Haut de Moien huet am Dikrecher Militärzenter d‘Feier am Kader vum Mäertesdag stattfonnt. Am Virdergrond vun der Zeremonie, déi dës Kéier duerch de CovidCheck nees a méi groussem Stil duerft ofgehale ginn, stoungen d‘Hëllefsbereetschaft an d‘Solidaritéit.

All Joer am November feiert d‘Lëtzebuerger Arméi säi Schutzpatroun, den Hellege Mäerten. Am Joer 316 no Christus gebuer soll dëse réimeschen Zaldot sech der Legend no besonnesch solidaresch an opmierksam gewisen hunn. Un engem kale Wanterdag hätt hien nämlech en Heeschert gesinn, deen un Honger a Keelt gelidden huet. Schliisslech hätt de Mäerten d‘Schwäert gezéckt a säi Mantel an zwee geschnidden, fir dem Mann an Nout ze hëllefen.

Mäertesdag
© Shari Pleimelding / moien.lu

Mat Häerz a Verstand, Solidaritéit a Mënschlechkeet soll och elo, an och an Zukunft gehandelt ginn. Bei senger Ried huet den Nicolas Wenner, General-Aumônier betount, wéi wichteg et ass d‘Gefor ze gesinn, konsequent ze handelen an d‘Chance ze notzen, egal wéi eng Erausfuerderung op eis duerkënnt. No dëse Wäerter soll och d‘Arméi handelen.

Grad wärend der Pandemie mussen eis Zaldoten, genee wéi d‘Fleegepersonal operationell bleiwen. Aktuell schaffe si nach ëmmer an den Impfzentren mat, an duerch déi steigend Infektiounszuelen gëtt och nees beim Contact Tracing ënnert d‘Ärem gegraff. Wärend den Iwwerschwemmungen huet d‘Lëtzebuerger Arméi vollen Asaz bewisen an och d‘Evakuéierungsmissioun an Afghanistan gouf nach emol ervirgehuewen.

Ma, trotz sanitärer Kris ass den Truppekommendant Yves Kalmes houfreg, datt d‘Trainingen am In- an Ausland konnten oprecht erhale ginn. Nieft der Kreatioun vum Fraecomité an dem Code de Conduite géif d‘Rekrutementsstrategie Friichten droen. Trotzdeem misst ee weider dohannert bleiwen, nach méi siichtbar an attraktiv fir d‘Ëffentlechkeet ginn an domat interesséiert Persounen unzéien. Esou gouf haut schonn op déi grouss Porte Ouverte den 10. Juli 2022 agelueden.

Als e Land, dat aktuell vu Frënn ëmginn ass an ënnert kenger direkter Bedreeung leit, setzt Lëtzebuerg seng Zaldoten wéi och den Equipement aus ënnert anerem Dronen, der Satellittentechnik an dem Militärfliger A400M, fir am Ausland Hëllef ze bidden. Dat ass beispillsweis säit Februar am Mali de Fall (MINUSMA) oder och a Litauen.

Da wieren do nach ganz grouss Zukunftspläng, déi de Verdeedegungsminister François Bausch ervirgehuewen huet. Zum engen gëtt um neie Militärgesetz geschafft, fir d‘Lëtzebuerger Arméi nach méi attraktiv ze maachen. Zum aneren sollen de Militärzenter um Härebierg, de Munitiounsdepot an de Schéissstand moderniséiert ginn. Dës weideren wäerten och den Hammer an den Dingo duerch ee méi effikasst a modernt Gefier ersat ginn, vun deem 80 Unitéite bestallt ginn.

No de grousse Rieden vun dem wat war, wat ass a wat komme wäert, si schliisslech dräi Membere vun der Arméi, déi eng exzeptionell Leeschtung erbruecht hunn, mam „Épée d‘Honneur du Chef d‘État-Major de l‘Armée“ ausgezeechent ginn. Uschléissend gouf den Adjudant-Major Paul Reiser feierlech vum Adjudant-Major Steve Ries ofgeléist. Hir Frae kruten iwwerdeems e Bouquet Blummen iwwerreecht a vum Stabchef Steve Thull e Merci fir hir Ënnerstëtzung ausgedréckt.

Dernières nouvelles