Der Mamm eng Freed maachen

Mammendag kënnt ëmmer méi no an ofgesi vun de ganz ënnerschiddleche materielle Geschenker, déi ee senger Mamm gäre wëll maachen, huet d’Redaktioun ganz einfach Iddie fir iech.

Mammendag gëtt vun alle Mamme gäre geféiert, et ass schéin sech vun de Kanner beschenken ze loossen. Dobäi freet deen een oder aneren sech sécherlech, wat hien der Mamm besuerge soll, fir si wonschlos glécklech ze maachen. Dat hänkt selbstverständlech vum Charakter of – ma iwwert dës séiss Virschléi freet si sech bestëmmt.

Zäit fir sech selwer

Ma wéi wär et, wann du denger Mamm einfach e bëssen Zäit schenks? Entweder fir sech – mat engem Wellnessdag oder einfach doduerch, datt s du hier e bëssen am Haushalt hëllefs. Botzen inklusiv. Sou huet si genuch Zäit zu engem spannende Buch ze gräifen oder aneren Hobbyen nozegoen.

Zäit mateneen

Am Alldagsstress ass et heefeg schwéier, ëmmer Zäit mat senger Mamm ze verbréngen – ma dofir kéint dir hier och Zäit mat iech schenken. Ee Kinosbesuch, gutt Iessen an engem Restaurant oder einfach op der Foto mat Popcorn an engem gudde Film. Dat ass meeschtens dat gréisste Gléck!

Weisen, wéi vill mir si gären hunn

Ob mat enger Kaart oder engem einfachen Telefonat; all Mamm freet sech doriwwer, wa si dëse klenge Libesbeweis vun Iech kritt.

De Mammendag bitt eng gutt Geleeënheet, dat nach eemol ausdrécklech ze betounen. Och wann si et dacks genuch héiert.

Dernières nouvelles