Haut ass den Dag vun der Mëllech

Den Dag vun der Mëllech gëtt alljärlech organiséiert, fir international fir de Konsum ze werben. E soll nämlech als natierlecht a gesond Gedrénks fir all Alterstuffe gëllen. Mä ass dat d’Wourecht?

Dësen Dag gouf vun der Welternährungsorganisation an d’Liewe geruff, dobäi sinn hier Aufgaben an Ziler an enger eegener Verfassung festgeluecht. Si sollen ënnert anerem d‘Verdeelung vun den Nierungsmëttel uerdentlech geréieren an d‘Bedéngunge vun de ländlechen Liewensmëttel verbesseren.

Ma och wa Mëllech gutt a Kaffi oder an de Cornflakes schmaacht – eng Kou gëtt déi éischte Kéier Mëllech, wa si e Kallef kritt huet. Déi Wäertstoffer fir dat jonkt Déier gi vum Mënsch fir seng Ernierung geholl. An dat ass nach net alles, Kéi kënnen nämlech nëmme Mëllech ginn, wann si hier Nokommen op d’Welt bruecht hunn, dono geet den Däiwelskrees aus Trächtegkeet a Laktatioun erëm vu vir un.

Si ginn net als Liewewiesen ugesinn, d’Kéi sinn éischter fir d’Produktioun zoustänneg.

Traureg oder? Wéi wär et mat engem Ëmdenken?

Och Hafer- Soja oder Reismëllech schmaache gutt – e weidere Virdeel ass, datt keen klengt Kallef dorunner leide muss.

Dernières nouvelles