Militärfliger A400M: Transport vu 50 Frigoen fir de Burkina Faso

Knapp 1,3 % vun der burkinescher Bevëlkerung sinn aktuell vollstänneg géint Covid-19 geimpft. Fir d‘Vaccinen uerdnungsgeméiss lageren a killen ze kënnen, huet ee Lëtzebuerger Pilot gëschter 50 medezinesch Frigoen mam Militärfliger A400M op Ouagadougou geflunn.

Den Depart vum Fliger wollte sech de Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch sou wéi de Minister vun der Kooperatioun an humanitärer Aktioun Franz Fayot Aktioun net entgoe loossen.

Militärfliger A400M bréngt 50 Frigoen an de Burkina Faso
Franz Fayot / Twitter

Dobäi huet de Minister Fayot betount, datt dëst e wichtege Geste vun der Solidaritéit ass. D‘Lëtzebuerger Kooperatioun bitt esou net nëmmen am westafrikanesche Staat technesch Ënnerstëtzung, mee stäerkt domat déi weltwäit Impfquote. Zesumme soll d‘Pandemie endlech an de Grëff ze kréien sinn.

Besonnesch houfreg war och de François Bausch. Et war déi 3 Aktioun, bei där d‘Verdeedegung an déi humanitär Aktioun zesummekommen. „An dës Kéier transportéiert e Lëtzebuerger Fliger mat engem Lëtzebuerger Member Frigoen, déi zu Lëtzebuerg produzéiert goufen a vu Lëtzebuerg finanzéier ginn an de Burkina Faso“, sou de Verdeedegungsminister.

Militärfliger A400M bréngt 50 Frigoen an de Burkina Faso
François Bausch / Twitter

Hiergestallt goufen dës Frigoe nämlech vun der Lëtzebuerger Entreprise B-Medical, déi d‘Apparater direkt mat Solarpannels equipéiert huet.

Dernières nouvelles