MNR: Gesinn, erëmgesinn a verännert

Am Kader vum Weekend vun der Porte Ouverte den 21., 22. an 23. Januar 2022 presentéiert de Musée National de la Résistance et des Droits Humains eng Performance vum Trio MA3 (Melting Pol, Sayoko Onishi an Emmanuel Fleitz).

Zanter 2018 fannen am nationale Musée vun der Resistance an de Mënscherechter zu Esch-Uelzecht Erneierungs- an Erweiderungsaarbechte statt. Wärend dëser Erneierungsphas huet de Kënschtlertrio MA3 – Move Art Three – eng kënschtleresch Interventioun a Form vun enger multidisziplinärer Performance aus Danz, Musek a Video mam Titel „Vu, revu & transformé“ duerchgefouert.

Vu, Revu & transformé

Divers Visitten op der Plaz zu bestëmmten ausgewielten Zäitpunkten hunn et erméiglecht, de Bols vum eidelen, deelweis ofgerappten, verännerten, nees opgebauten, vergréisserten a verschéinerte Gebai ze fillen, Gefiller anzefänken, Spueren an Unhaltspunkten vu senger Geschicht an den ausgestallten Themen festzehalen.

Wärend dëse Visitte goufe choreografesch a musikalesch Interventiounen an Toun a Bild opgezeechent. Dës Opname gi bei der Performance am Musée „Vu, Revu & transformé“ presentéiert.

De Kënschtlertrio (Melting Pol, Sayoko Onishi an Emmanuel Fleitz) schafft zesummen ënnert dem Synonym Move Art Three – MA3 an huet säit 2012 eng Dose verschidden „Vu, revu & transformé“-Performancen a Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland a China realiséiert.

Vu, Revu & transformé

  • Sayoko Onishi: New-butoh-Danz
  • Emmanuel Fleitz (Robert Toussaint): Kontrabass a Klangregie
  • Melting Pol (Paul Schumacher): Live-Video & Mapping

Umeldung ënnert reservations@mnr.lu

D’Veranstaltung fënnt ënnert der 2G+ Reegelung statt an ass gratis.

Dernières nouvelles