MULTIPLICA: Final vum Festival vun der digitaler Konscht an anere Realitéiten

Um Weekend vum 3. a 4 Dezember 2021 fënnt déi grouss Final vu MULTIPLICA an de Rotondes statt. Eng leschte Kéier fir dëst Joer steet déi digital Technologie, a wéi dës artistesch genotzt ka ginn fir eis enger aner Aart vun der Realitéit ze weisen, organiséiert.

Eigentlech sollt MULTIPLICA e grousst Evenement ginn un engem Weekend sinn. Duerch d’Pandemie huet ee schliisslech decidéiert, de Festival op 4 Weekender opzesplécken an iwwert d’Joer ze verdeelen. Genee dës Decisioun huet sech als e grousse Virdeel erausgestallt.

D’Experimentéierfreedegkeet ass geklommen an och den Interessi vun der Ëffentlechkeet fir verschidden Theemen a Formater konnt erreecht, sou den Yves Conrardy, deen d’Evenement koordinéiert. Déi verschidden Installatiounen, Videoprojektiounen, Concerten, Diskussiounsronnen a villes méi hu fir grousse Succès gesuergt!

De Programm

AnthropOcean
Den 3. a 4. Dezember 2021
Dës Installatioun schéckt de Visiteur an eng aner Welt. Et ass eng audiovisuell 360°-Erfarung, bei där et an eng Ënnerwaasserwelt geet, déi ëmmer méi vum duerch de Mënsch provozéierte Kaméidi gestéiert gëtt. Andréck vum häertste Punkt am Mëttelmier sou wéi der Wëssenschaft fléisse mat an. Duerno geet et viru mat engem loop an engem cube, sou wéi enger Table ronde pro Owend um 19:00 Auer.

Audiovisual Night 1
Den 3. Dezember 2021 um 20:30 Auer
Concert an audiovisuellt Evenement mat Beambeaker vum Tadej Droljc, Bird Signals for Earthly Survival vum Mehmet Aslan,Techno Glitter, dem Stratis Vogiatzis an dem Malo Lacroix, an dem Optrëtt vun Atmosphère.

Digital Grandparents
De 4. Dezember 2021 um 14:00 Auer
Bei dësem Atelier gi Persounen ab 55 Joer vu GoldenMe an de Vocabulaire vun de soziale Medien agefouert. Gläichzäiteg léiere Jonker am Alter vun 10 bis 14 Joer mat Hëllef vun der Associatioun 2030 when I grow up d’Basis kennen, wéi Video Tutorials entstinn. Schlussendlech komme béid Gruppe beieneen, fir gemeinsam kuerz Videoen ze erstellen, an deenen déi eeler Persounen digital Thermen erklären.

Anthropocean: D’Renconter mat den Artisten
De 4. Dezember 2021 um 19:00 Auer
D’Artiste Ganaël Dumreicher, Michelle Kleyr a Lucie Wal presentéieren hir Installatioun AnthopOcean, déi den Trio un Installatiounen am Kader vum loop a cube perfekt mécht. Bei dësem Treffen kann een och méi iwwert déi kreativ Demarche vun de Kënschtler gewuer ginn.

Audiovisual Night 2
De 4. Dezember 2021 um 20:30 Auer
En audiovisuellt Evenement mat fanaa vum Sahar Homami a Concert vun Tryphème & Ulysse Lefort.

Multiplica Closing Night
De 4. Dezember 2021 um 22:30 Auer
Zesumme mat den DJ’s Cleveland a Katy de Jesus gëtt de Festival vun der digitaler Konscht an den anere Realitéiten ofgeschloss.

All Evenementer lafe mat CovidCheck. Weider Detailer an Ticketen vu MULTIPLICA fannt Dir op rotondes.lu a multiplica.lu.

Dernières nouvelles