Den nationale Literaturzenter luet an op en Owend mam Jean Sorrente

Muer 10. November ab 19.00 kënnt dir Live oder online un enger interessanter Diskussioun mam Auteur Jean Sorrente, am nationale Literaturzenter zu Miersch deelhuelen. Et gëtt heibäi méi prezis ëm säi Buch „La Guerre du temps“, dat am November 2020 bei Hydre Editions (Bridel) publizéiert gouf. (ISBN 978-2-91-995415-5). Et sollt an all gudder Libraire ze fanne sinn.

D‘Moderatioun vum Owend gëtt vum Ludivine Jehin geleet, Extraiten aus dem Buch gi vum Sullivan da Silva gelies.

De Literaturzenter weist drop hin, datt bezunn op déi sanitär Situatioun, den Event ënnert dem CovidCheck-Regime ofgahle gëtt. Et ass awer méiglech sech och vun der Fotell aus, iwwert den Internet zouzeschalten, dofir brauch ee just dësem Lien ze follegen. Eng Umeldung ass a béide Fäll noutwenneg. (Notabene: well duerch d‘Iwwerschwemmunge vum Summer d‘Telefonszentral de Geescht opginn huet, soll ee vir Froen d‘eMail info@cnl.public.lu benotzen).

Foto: Den Auteur Jean Sorrente © Philippe Matsas

Dernières nouvelles