Klimapakt 2.0: Optakt an den Naturparken Our an Öewersauer

Bei enger feierlecher Zeremonie zu Housen hunn e Méindeg d’Naturparken Our an Öewersauer den Optakt vum neie Klimapakt 2.0 begréisst a verspriechen domat op kommunalem Niveau weider Ustrengungen a Saache Klimaschutz ze leeschten. An dësem Kader hu ganzer 15 Gemengen hunn mémorandum d’entente ënnerschriwwen.

Ëm 80 Gäscht, dorënner och d’Ministeren Dieschbourg an Turmes, ware mat dobäi, wou mam Klimapakt 2.0, der Weiderentwécklung vum Klimapakt 1.0 vun 2012, enger regional Zesummenaarbecht bis 2030 zougesot gouf.

Klimapakt 2.0: Optakt an den Naturparken Our an Öewersauer
© Caroline Martin

No enger super Zesummenaarbecht an de leschte Joren an der Ëmsetzung vun diverse Moossname fir d’Ëmwelt an d’Natur, wëll een an dësem Sënn viru fueren an och d’Kooperatioun mat Bierger a lokale Betriber intensivéieren, sou d’Anita Lanners vum Naturpark Öewersauer.

Bei der Zeremonie duerft de Laurent Spithoven vum Naturpark Our dat sougenannten ECO-Team (Energy-Climate-Our) virstellen, dat als regional Ulafstelle ronderëm d’Thema Klimaschutz fungéiert.

Klimapakt 2.0: Optakt an den Naturparken Our an Öewersauer
© Caroline Martin

Wie Klimaschutz seet, dee kënnt ëm d’Beweegung vu Youth For Climate net ronderëm. Esou waren och zwee Vertrieder vu YFCL, wéi och de Philippe Ernzer vu Météo Boulaide invitéiert, déi informativ an erschreckend Ablécker am Bezuch op de klimatesche Beräich ginn hunn.

Dernières nouvelles