Offiziell Aweiung vum neie Centre National d’Incendie et de Secours (CNIS)

Nodeems am Mäerz 2017 den éischte Stee vum neien a modernen Centre National d’Incendie et de Secours (CNIS) zu Gaasperech gesat gouf, konnt d‘Kasär gëschter offiziell vu S.A.R. dem Groussherzog Henri ageweit ginn.

Ënnert de ronn 400 Gäscht waren d‘Inneministesch Taina Bofferding, d‘Presidentin vum Verwaltungsrot vum CGDIS, Lydie Polfer, de Vize-President vum Verwaltungsrot Alain Becker sou wéi de CGDIS-Generaldirekter Paul Schroeder. Bei der feierlecher Zeremonie goufe verschidde Kuerzfilmer presentéiert, déi d’Aufgaben, d’Erausfuerderungen an déi verschidde Facette vum Beruff als Pompjee ervirgehuewen hunn.

An dësem Kader gouf de Fändel vum CGDIS presentéiert an de Groussherzog krut d‘Éier, dësen ze hissen. Fir d‘Aweiung ofzerënnen gouf ofschléissend nach eng Gedenktafel opgedeckt. Mat guidéierte Visitten iwwert de Site an enger Receptioun ass dëse feierlechen Dag ofklénge gelooss ginn.

Offiziell Aweiung vum neie Centre National d’Incendie et de Secours (CNIS)
© CGDIS

Iwwert den Centre National d’Incendie et de Secours

Schonn 2004 huet d‘Verwaltung vun de Bâtiments Publics e Concours un d‘Architekte lancéiert, fir Projeten zum CNIS anzereechen. Schliisslech war et de Büro Böge Lindner K2 Architekten vun Hamburg, déi d‘Commande kruten. Um 23. Mäerz 2017 war et dunn esou wäit an den éischte Stee gouf gesat.

Ma, knapp e Joer méi spéit koum dunn d‘Reform vum CGDIS an esou gouf et ëmsou méi wichteg ee groussen Zentrum ze hunn, deen ënnert engem Daach déi verschidden Entitéiten regroupéiert.

Op engem Terrain vu 5,2 Hektar sinn esou verschidde CGDIS‘en, d‘Zentral vum Noutruff, den nationale Formatiounszenter INFS, de CIS Lëtzebuerg, de SAMU Lëtzebuerg 2 sou wei d’Rettungsservicer vum Zentrum ze fannen.

Offiziell Aweiung vum neie Centre National d’Incendie et de Secours (CNIS)
© CGDIS

Dat modernt Gebai soll dobäi un déi aktuell an zukünfteg Besoinen vun den Asazkräfte äntwere kennen. Wärend am groussen Haaptgebai 18 Instruktiounssäll, e groussen Auditoire, eng Kantin, jeeweils e Sport- a Fitnessraum, en Internat mat 34 Zëmmer, sou wéi d‘Garagen ze fanne sinn, steet eng weider Zon fir Trainingen zur Verfügung.

Hei gëtt de professionellen a fräiwëllege Pompjeeën eng Hal fir Exercicer (fir Simulatioun vu verschidden Zeenerien, Accidenter a Bränn), en technesche Plateau mat verschidde Facen an Diecher (fir ënnert reale Konditiounen ënnerschiddlech Techniken ze léieren), en Tunnel (fir Zeenerien mat ënnerierdesche Bränn a Feier an Tunnellen ze üben), en Haus (fir Läschübungen a Gebaier), e Séi (fir Zeenerien an/um Waasser), sou wéi en Tuerm vu 37 Meter (fir Kloterübungen vum GRIMP a fir d’Schläich ze dréchnen) gebueden.

Dernières nouvelles