Är Kandidatur fir de Festival „On Stéitsch“ 2022

Bis den 1. Mee 2022 kënnen interesséiert Jonker aus de Beräicher Konscht, Sport an anere kreative Passiounen sou wéi Associatioune fir Jugendlecher hir Kandidatur fir déi 15. Editioun vum Festival „On Stéitsch“ areechen.

Zanter senger Kreatioun am Joer 2008 huet dëse Festival scho ville jonke Museker an neien Talenter eng Plattform gebueden. Hei ass et méiglech déi éischt Schrëtt viru Publikum ze woen, en Abléck an de professionelle Kultur-Beräich ze kréien an och aner Artiste kennenzeléieren. Um Site vun de Rotondes gi verschidde Bünen, Stänn, Animatioun an eng Ausstellung gebueden.

Weider Informatiounen zum Festival an de Formulaire fir sech unzemellen, fannt Dir op onsteitsch.lu.

Dernières nouvelles