16 Deeg „Orange Week“

De 25. November goung déi vun de Vereenten Natiounen an Liewe geruffen « Orange Week » un de Start. Et ass eng Campagne am Kontext vum internationalen Dag fir d‘Eliminatioun vun der Gewalt géintiwwer Fraen a Meedercher, déi mam internationalen Dag vun de Mënscherechter, op dësem 10. Dezember, säin Ofschloss fënnt. Dës Campagne fënnt säit 2008 statt.

Vill Stied a Gemengen zu Lëtzebuerg schléissen sech mat Aktivitéiten dëser Campagne un. Donieft militéiert och eis groussherzoglech Koppel fir d‘Rechter vun de Fraen a Meedercher. D‘Ministesch fir Chancëgläichheet, Taina Bofferding (LSAP) setzt sech, zesumme mat hire Beamten och fir méi Schutz an. D‘Gewalt géintiwwer de Fraen a Meedercher huet jo an der Pandemie nees zougeholl.

Orange Week
© OGBL

Wien sech fir d‘Rechter vun de Fraen a Meedercher interesséiert, sech méiglecherweis wéilt heiran investéieren, dem sief gesot, datt et eng helle Wull un Evenementer, Atelieren a Konferenzen zum Thema huet. An dat wéi gesot bis den 10. Dezember. Um Site vum nationale Fraerot (CNFL) kann een de ganze Programm agesinn. Um Freideg hat et an dësem Kontext e Solidaritéitsmarsch.

Dernières nouvelles