Passt: de Pinguin am Weltall

Op de Kleeschen oder d‘Chrëschtkëndchen, alles Guddes kéim vun Uewen… behaapt emol de Volleksmond. Am Béier-Adventskalenner, hannert der drëtter Dier, huet et och eppes, wat net vun dëser Welt ass. De „Space Penguin“ vun Totenhopfen verréit da scho vum Numm hir, datt hien ee besonnesche Kadett wëll sinn. Ob dat esou stëmmt? Muss wuel, soss wier en net am Kalenner…

Beim Space Penguin huet een ee galante Béierchen am Glas, deen sech an d‘Famill vun den New England Pale Ale (NEIPA) areit. Fir d‘Kenner stellt dann och nach ëmmer d‘Fro, ob dëse Béier, deen de Numm vun der US-Ostküst hierhëlt, iwwerhaapt en eegestännege Béierstil ass oder net. Dofir géing et eigentlech duer, sech dat am Glas unzekucken, fir schonn eppes Äntwert ze hunn.

Ganz allgemeng ënnerscheet sech den NEIPA vum „klasseschen“ Indian Pale Ale schonn optesch. Hien ass wesentlech méi dréif, an kënnt an der Faarf éischter dem däitschen „Hefeweizen“ no. De Fait datt den NEIPA ongefiltert ass – mir hunn dozou alles am Festbéier -Artikel erkläert – ass fir vill Leit en Avantage. De Béier selwer ass Douce, an d‘Aromae verdeelen sech méi gläichméisseg.

Mam Space Penguin vun Totenhopfen Brauhaus, huet een e fruchtege Béier an Hänn, deen net nëmme „liicht“ schmaacht, mee mat sengen 4,6% Alkoholgehalt och d‘Féiss roueg hält. Net manner wéi fënnef Happzorte goufen an dësem New England IPA verschafft. Dës ginn dem Béier kkuerz viru Schluss vum „kache“ bäigemëscht. Kléngt komesch, mee gutt erkläert mécht et nees Sënn.

Esou ergëtt sech nämlech, datt méi ätheresch Ueleger an manner Batterstoffer am Béier ukommen. Dat suergt dann och fir de liicht cremegen Touch. Zum gudden iesse passt de Space Penguin dann och nach. Fir d‘Frënn vun der gequellte Gromper, scho bal esou eppes wéi ee Geheimtipp. Et sollt een dëse bei 6°C bis 8°C zerwéieren, datt engem Glas mam „décke Bauch“, wéinst den Aromaen.

Dernières nouvelles