D’Lëtzebuerger Landwirtschaft vu muer: Reaktioun op d’Plainte

Gemeinsam Stellungnam vu Greenpeace, natur&ëmwelt an dem Mouvement Ecologique

„D’Lëtzebuerger Landwirtschaft vu muer“: Zu dësem Thema haten déi 3 national Ëmweltorganisatioune Greenpeace, natur&ëmwelt an de Mouvement Ecologique e Mëttwoch, den 1. Dezember eng Annonce an den Dageszeitunge geschalt.

Doran hunn d’Organisatiounen informéiert, datt mat ëffentleche Gelder ab 2023 just Moossnamen am Sënn vun enger mëttelstänneger Landwirtschaft sou wéi dem Biodiversitéits-, Klima-, Gewässer- a Verbraucherschutz ënnerstëtzt géife ginn. Dozou sollt de virleiende Strategieplang vum Landwirtschaftsministère – an Ofsprooch mat allen Acteuren – iwwerschafft ginn.

Dobäi baséiert hir Analys vun den negativen Auswierkunge vum haitege System op Analyse vu wëssenschaftleche Gremien sou wéi och der EU-Kommissioun.

D’Annonce vun den Organisatiounen gouf – fir iwwerhaapt vun de politeschen Acteure wouergeholl ze ginn – ënnert dem fiktiven Numm „Ministère de l’Agriculture durable“ mam offizielle Logo verëffentlecht.

Säit Joren, souguer Joerzéngten setze sech d’Organisatioune fir en oppenen Debat iwwert d’Orientéierung vun der Lëtzebuerger Landwirtschaftspolitik an. Ugereegt gouf ëmmer erëm en Austausch tëscht allen Acteuren (Baueren, Verbraucher, Ëmweltbeweegungen, …). Dëst ouni Erfolleg.

Weder huet am Virfeld vun der Erstellung vum Strategieplang vun der Landwirtschaft e strukturéierten Austausch iwwert den Entworf selwer stattfonnt, nach eng ëffentlech participativ Diskussioun. Zentral Uleien aus ekologescher Siicht goufen am Kader vun der Ëmsetzung vun der europäescher Agrarreform net opgegraff.

Dat ass ëmsou méi problematesch, well et net just ëm Investitioune vun 750 Milliounen Euro an den nächste Jore geet, mee zudeem souwuel ëm d’Iwwerliewen vun enger mëttelständescher regional orientéierter Landwirtschaft wéi och ëm den Erhalt vun der Biodiversitéit an engem stabille Klima, de Gewässer an der Buedemfruuchtbarkeet a villes méi.

Et dierft dofir ze verstoe sinn, datt d’Net-Regierungsorganisatiounen an dëser Situatioun kreatiivt Material sichen, fir hir Belangen no baussen ze droen. D’Annonce war iwwregens mat de Logoe vun den Organisatioune gekennzeechent an d’Auteure kloer erkennbar.

Déi dräi national Ëmweltorganisatiounen hunn an hirem gemeinsamen Asproch, deen d’Basis fir déi ugefouert Annonce war, immens konkret Virschléi an dësem Sënn bruecht an och e Gespréich mam Landwirtschaftsminister ugefrot.

Et wier ze hoffen, datt déi politesch Acteure mat der selwechter Konsequenz, wéi se elo juristesch géint d’Organisatioune virgoe wëllen, sech den ugefouerten inhaltlechen Argumenter widme géifen.

Eisen Informatiounen no gouf de Strategieplang a senger aktueller Fassung net un d’EU-Kommissioun weidergeleet. Vill méi soll den Entworf Géigestand vun enger interfraktioneller Sitzung vun de Majoritéitsparteien am Januar sinn.

D’Hoffnung besteet soumat, datt a wesentleche Punkten nach eng Iwwerschaffung souwuel am Sënn vun de landwirtschaftleche Betriber wéi och dem Erhalt vun der Ëmwelt erfollege kann. Duerch déi politesch Bedeitung vun der Weechestellung hunn déi dräi Ëmweltorganisatiounen eng Ënnerriedung mam Staatsminister Xavier Bettel ugefrot.

Matgedeelt vu Greenpeace Lëtzebuerg, der Asbl Mouvement Ecologique an der Asbl natur&ëmwelt

Dernières nouvelles