Aarteschutz bei Déier a Planz

... do muss nach vill méi gemaach ginn

Um haitegen Donneschden ass de Weltdag vum Aarteschutz.

Dësen, fir Déiere liewenswichtegen Dag, ass am Joer 1973 zu Washington an d’Liewe geruff ginn. Den Dag soll sensibiliséieren an op bedreete Planzen an Déieren opmierksam maachen, déi besser geschützt solle ginn – an och dacks leider virum Ausstierwe stinn.

Meeschtens ass de Mënsch hire gréisste Feind an zerstéiert den natierlechen Liewensraum. Landschaftsverännerungen, Ofholzung vu Bëscher, Iwwernotzung vun de Weltmierer – dat mécht schonn vill aus. Dozou kënnt nach de Klimawandel, Bëschbränn, d’Ëmweltverschmotzung, Pestiziden an aner Gëftstoffer. Et ass eng Katastroph.

Fir dës Déieren, esou séiss ewéi se kënne sinn, gëllt een Ofkommen. Den Handel mat geschützten Déieren a Planzenaarten ass verbueden a gëtt och schaarf kontrolléiert. Och den Handel mat Produkter vu geschützten Déieren, ewéi Elfebeen, Kaviar oder « ausgestoppten » Déieren ënnerleien de selwechte Reegelungen.

Zanter 1966 ginn Rout Lëschten vu bedreeten Aarten erstallt, se gëtt ëmmer méi grouss. Tatsächlech ass all drëtt Déier oder Planzenaart an hirem Bestand bedreet. Beim Luchs sinn et souguer dräi ënnerschiddlech Aarten. Dat misst een dach zum Nodenke bréngen?

Wann een dogéint eppes maache wëll – Insekte liewe loossen, ass schonn ee gudden Ufank. Si gesinn villäicht net flott aus, hunn awer hiren Zweck. A wat géinge mir ouni eis Beie maachen? Dat wär den Ënnergang. An deen hätte mir eis selwer zouzeschreiwen.

Wann dir méi iwwert eis bedreeten Déiere wëllt wëssen, kënnt Dir hei klicken a se kenneléieren.

Dernières nouvelles