Géint Policegewalt!

Um haitegen Dënschdeg ass den internationalen Dag géint Policegewalt. De 15. Mäerz (1986) erënnert un deen Dag, ewéi an der Schwäiz, zwee Jonge vun 11 an 12 Joer, Affer vu Policegewalt goufen.

Gewalt, déi vun der Police ausgeet, gi meeschtens schif aus. Si ass déidlech. Sinn diskriminéierend oder rassistesch. Policegewalt fänkt bei Klengegkeeten un – an hält bei schwéiere Strofdoten op.

De Kola Bankolo aus dem Nigeria gouf am August 1994 bei senger Ofschibung duerch de Kniebel am Mond am Fliger erstéckt. DenHalim Dener, 16 Joer, aus Kurdistan, gouf den 30. Juni 1994 zu Hannover beim Peche vun Autosbiller vun engem Polizist erschoss.

Den Aamir Ageeb, 32 Jahre, aus dem Sudan, ass och bei senger Ofschibung erstéckt.

Et kéint een elo nach esou vill Negatives dobäi schreiwen – ma eis Police deet och vill Guddes. Ebe grad dofir ass informéieren an sensibiliséiere wichteg. Esou kréien net nëmme mir gehollef, mee och d’Polizisten, déi sech net ënner Kontroll hunn. An am Géigesaz zu anere Länner, brauche mir eis jo bal net ze bekloen.

Dernières nouvelles