Op der Sich no neie „Bewunner“ fir e Stater Pop-Up Store

Sech Visibilitéit verschafen, seng Kreatiounen a Produiten un de Client bréngen a Kontakter knäppen – dat maachen déi sougenannt Pop-Up Stores an der Stad Lëtzebuerg méiglech. Mat e bësse Chance kann ee sech hei bis zu 6 Méint presentéieren. Dofir gëtt elo nees no passende Kandidate gesicht.

Ganzer 120 m² Verkafsfläch, matten an der Foussgängerzon (25, Kapuzinerstrooss) stinn zur Verfügung. Ob Kleedung an Accessoiren, Dekoratiounsartikel, Servicer an Hobbyen, Gesondheet a Schéinheet, Konscht, Moud, Fotografie oder och verpaakten dréche Liewensmëttel – et si bal keng Grenze gesat. Bis den 12. Dezember inclus sollen interesséiert Artisten, Verkeefer a Start-Ups hir Kandidatur bei der Stad Lëtzebuerg aschécken iwwert www.vdl.lu.

Minimum 3 Méint a maximal 6 Méint kann d’Fläch gelount ginn. Uschléissend kann een, jee no Verfügbarkeet nach emol 3 Méint drun hänken. Dobäi beleeft sech de Loyer op 650 bis 2.250 € de Mount, jee no Situatioun vum neie „Bewunner“. Drugehaange gëtt nach e generelle Forfait fir d’Chargen.

An dësem Kader ginn och Proprietären, deenen hir Verkafsflächen fir den Ament net besat sinn, opgeruff sech um Projet ze bedeelegen. Heivir kann ee sech bei der Stad Lëtzebuerg (Beräich ekonomesch a geschäftlech Entwécklung) mellen iwwert d’Telefonsnummer (+352) 4796-5000 oder Email dec@vdl.lu.

Weider Informatiounen an d’Lëscht mat alle Pop-Up Stores gëtt et op popup.vdl.lu.

Dernières nouvelles