Interessi un engem edukativen a soziale Beruff?

Den 28. Januar 2022 kréien interesséiert Persounen d’Méiglechkeet vun der Porte Ouverte vum Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales (LTPES) zu Miersch ze profitéieren.

Sief et fir d’Gebai an d’Klassesäll ze gesinn, dat eent oder anert Wuert mam Léierpersonal ze wiesselen oder sech e generellen Abléck ze verschafen, wou ee sech viru bilde kéint a wat alles un Etüden ugebuede gëtt, dëse Freideg sollt een d’Chance notzen.

D’Porte Ouverte fënnt vun 17 bis 20 Auer. Trotz CovidCheck mat 2G+ ass d’Droe vun der Schutzmask obligatoresch.

Porte Ouverte am LTPES

www.ltpes.lu

Dernières nouvelles